Carte Blanche vum Robert DennewaldLëtzebuerg – eng Start-Up-Nation?

De Robert Dennewald ass Éierepresident vun der FEDIL a Vize-President vun der Chambre de Commerce. Hien huet eng laangjäreg Erfahrung als Investisseur a jonk Entreprisen.

Mir wëllen zu Lëtzebuerg d’Schafe vu jonken Entreprisen, de sougenannte Start-up-Gesellschaften, förderen.

Dat ass gutt, well dat erlaabt eis nei Aarbechtsplazen ze schafen, ons Economie ze diversifizéieren, an eng Kontributioun zum Erhale vun onsem Wuelstand ze leeschten.

D’Efforte vun eenzelnen Akteuren, fir Incubateuren ze installéieren, wou déi jonk Entreprise sech entwéckele kënnen, ass gutt. D’Initiative vun der Chambre de Commerce, fir e groussen Incubateur op der Gare anzeriichten, ass exzellent a passt honnertprozenteg an hir Missioun.

Ons Politiker hunn d’Wichtegkeet vun der Fërderung vum Entrepreneuriat zu Lëtzebuerg erkannt. Si hunn och erkannt,datt en Engagement an dësem Beräich, am Hibléck op d’Wahlen am Oktober fir d’Gemengen, a fir d’Chamber d’nächst Joer, hinne gutt zu Gesiicht steet.

Et feelt net u gudde Projete vu jonken Entreprisen. Et wäert och net un Infrastrukture feelen, fir se opzehuelen. Och wa vill vun hinne leider keen Erfolleg ginn, well nëmmen déi Bescht duerchkommen, musse mer all zesummen alles dru setzen, fir hinnen ze hëllefen.

Do, wou et de jonken Entreprisen feelt, sinn an der Regel d’finanziell Mëttel. Am Géigesaz zum Ausland, hu mir kaum ëffentlech oder privat-ëffentlech Strukturen, fir de Start-Uppen eng finanziell Ënnerstëtzung unzebidden. Wann ons Politiker sech also seriéis zu deem Thema bekenne wëllen, da besteet hei dréngenden Handlungsbedarf.

Et si Privatinvestisseuren, déi hei zu Lëtzebuerg de Start-Uppen an der Regel ënnert d’Äerm gräifen. Dat ass ganz positiv, well déi Leit, déi zum Deel grouss finanziell Risiken aginn, kloer heimat "im stillen Kämmerlein" e grousse Bäitrag zur wirtschaftlecher Entwécklung vun onsem Land leeschten. Wann d’Regierung steierlech Rahmebedingungen schafe géif, déi de Risiko fir des Privatleit, wann et schif geet, géif begrenzen oder d’Steierlaascht an de Fäll vun engem Erfolleg géif reduzéieren, hätt dat kaum Auswierkungen op d’Steierrecette vun onsem Staat. Et géif awer bei de Privatleit eng formidabel Well vun finanzielle Mëttel ausléisen, déi de Start-Uppen an domat onser Economie zegutt komme géifen.

Wa mir eeschthaft Lëtzebuerg zur Start-Up-Natioun maache wëllen, da läit elo de Ball bei der Politik. D’Zivilgesellschaft huet schonn hire Bäitrag geleescht.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.