Carte Blanche vum Ben FayotEuropa an de Lëtzeburger Staatsminister!

De Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker huet vrun zwou Wochen eng wichteg Ried iwwer d’Weiderentwécklung vun der Europäescher Unioun gehalen. Et gouf dorop vill positiv Reaktiounen. Mä och gelungener, besonnesch eng aus Lëtzebuerg.

De Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker huet a senger Ried beschriwwen, wéi et mat der Europäescher Unioun weidergoe soll.  

Eigentlech näischt revolutionär Neies, mä eng gutt Synthees vu villen Iddien, déi de meeschte Politiker an alle Länner geleefeg sinn. D’EU soll lues a lues weiderentwéckelt ginn. Domat soll dat europäescht Bündnis nom Brexit géint den Nationalismus an europaskeptesche Populismus consolidéiert ginn.

Dat ass meeschtens gutt opgeholl ginn. Jiddereen huet verstan, dass net alles vun haut op muer erreecht ka ginn, mä dass et drëm geet, eng Richtung ze weisen.

Et war eng wichteg Ried, well se visionär awer och realistesch war, déi  doniewent d’Gläichgewiicht tëscht Däitschland a Frankräich, tëscht Merkel a Macron gesicht huet.

Et gouf Mësstéin zu där Ried. Een esou e Mësstoun koum vum Lëtzebuerger Staatsminister. En huet mech besonnesch gestéiert, eben well e vum Staatsminister koum. Net well e sech duerch seng  Expertise ausgezeechent hätt oder fondéiert Argumenter virbruecht hätt, mä well e komplett nieft dem Dill louch, souwuel an der Form wéi am Inhalt.

Et ass unzehuelen, dass de Lëtzeburger Staatsminister déi Ried net geliest hat éier en de Mond opgemaacht huet.

Wat mech enttäuscht, ass déi Iwwerhieflechkeet, mat där den Här Bettel sich iwwer déi Ried ausgelooss huet.

Iwwer d'Eurozone schwätzt e wéi vun enger Witzveranstaltung. Déi institutionell Vereinfachunge si fir hien absurd, ouni dass en sech och nëmmen een Ament mam Fong vun der Saach ausenanersetzt.

Ech froe mech, wat den Här Bettel beim Här Macron geléiert huet, mat deem e jo anscheinend esou gutt soll sinn. Dass vill Iddie vum J.C. Juncker Waasser op d’Mille vum Här Macron sinn, huet den Här Bettel wuel net verstanen.

Et kënnt ee sech elo driwwer ewech tréischten a soen, och e Staatsminister kann net an alles gutt sinn. Hien ass keen Europaminister, deen dat aus dem ff kenne misst. Mä da vergësst een, dass den Här Bettel am Europäesche Rot sëtzt.

Dat ass dee Gremium, an deem nëmmen d’Staats- a Regierungscheffen sëtzen. Do geet den Här Bettel eleng. Do kann ee sech zwar vrun de Mikroe vun der ganzer Welt pavanéieren. Mä do gi virun allem déi wichtegst Weichestellunge fir d’EU, also och fir Lëtzebuerg, geholl. Do gi Konflikter tëscht de Memberlänner geléist. An an dem Krees muss ee mat Argumenter a klore Positioune seng Partner iwwerzeegen.

Et rassuréiert mech net, wéi iwwerflächlech de Lëtzebuerger Staatsminister, déi wichtegst politesch Personalitéit am Land, sech zu wesentleche Froen vun der EU ausdréckt. 

Ech hoffen dofir, dass onse Staatsminister all Kéier, éier hien an den Europäesche Rot geet, Nohëllefsstonnen an Europafroen hëlt, an dann nach zwee- an dräimol nodenkt éier en de Mond do opmécht. 


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.