Rassistesch Commentairen op RTL-FacebooksäitGeriicht: Mann huet argumentéiert, Artikel net ganz gelies

Wéinst Rassenhaass stoung en Donneschdeg de Moien e 37 Joer ale Mann an der Stad virun de Riichteren.

© AFP
Den Ugekloten hat am September 2015 op der RTL-Facebooksäit op en Artikel reagéiert, an deem et ëm e Pilotprojet iwwer méi Portugisesch am Précoce an an der Spillschoul goung.

Opruff zum Haass op Facebook / Reportage Eric Ewald



A schlechtem Lëtzebuergesch hat de Mann ë.a. geschriwwen, Zitat: "Den Daag kennt wou Letzeboier mam Gewier op Stroos gin".

"Dat war vläicht e falsche Saz, mä ech hunn net agesinn, dass jidderee sollt Portugisesch an der Schoul léieren!", huet de Beschëllegten en Donneschdeg de Moien argumentéiert, anengems huet hien erkläert, deen Artikel net ganz gelies ze hunn. Hien hätt mat sengem Geschreifs wëllen zum Ausdrock bréngen, Zitat, «dass een zu Lëtzebuerg géif ënnerdréckt ginn». A sengen Ae sollt ee seng Mammesprooch bei den Elteren a Grousseltere léieren, en Opruff zum Haass hätt hien awer net wëlle maachen.

Do virdrun hat den zoustännegen Enquêteur vun der Police judiciaire ausgesot, et wär een iwwert d'Bee-Secure-Stopline heiriwwer informéiert ginn. Jiddereen hätt deen Artikel liesen a kommentéiere kënnen an den Ugekloten hat am Ganzen 3 Sätz geschriwwen. De Mann hätt och zouginn, den Auteur dovun ze sinn.

Fir de Vertrieder vum Parquet war dee Saz eng Zort Konklusioun. An dësem Fall wär ganz kloer d'portugisesch Communautéit viséiert gewiescht an d'Infraktioun vun Opruff zum Haass erwisen. D'Referenz op e Gewier géif fir sech schwätzen, a wann een en Artikel net ganz liest, da géif et aner Mëttele ginn, fir säin Desaccord auszedrécken. Well d'Referenz op Waffe ganz kloer ze wäit géif goen, sollt de Mann zu enger Geldstrof veruerteelt ginn.

Domat war et awer nach net ganz gedoen:

Den Ugeklote krut nämlech donieft nach de Prozess gemaach, well hien, zesumme mat engem anere Mann, ouni déi néideg Autorisatioun eng Zort Sécherheetsfirma bedriwwen hat. Dofir war de Beschëllegten och schonn eemol veruerteelt ginn.

Bei 3 Manifestatiounen, 2 an der Stad an 1 zu Beefort, waren där Sécherheetsleit aktiv, ma déi noutwenneg Autorisation d'établissement loung net vir. Fir den Ugeklote goufen um Enn 6 Méint Prisong gefrot, well hien dem Vertrieder vum Parquet no eben eng 1. Kéier condamnéiert gi war, awer virugemaach huet, iwwerdeems deen anere Mann eng Geldstrof soll kréien.

Béid Uerteeler si fir de 5. Oktober.