Carte Blanche vum Laurent SchleyInformatioun oder Manipulatioun?

De Wiessel um Chefredakterposten vum Lëtzebuerger Wort huet an de leschten Deeg fir vill Opreegung gesuergt. Eenzegen Aktionär vum Groupe Saint-Paul, zu deem och d’Wort gehéiert, ass jo bekanntlech den Äerzbistum. Dozou e puer Iwwerleeunge vum Laurent Schley, President vun AHA Lëtzebuerg.

© Christine da Felicidade
Medien hu bekanntlech eng grouss Muecht. Am Fall vun enger neutraler Berichterstattung si se eng wichteg Informatiounsquell fir d’Bierger. Am Fall vu manner neutraler a méi eesäiteger Berichterstattung kënnen d’Leit och massiv manipuléiert ginn. Wann ee Medienorgan enger politescher Richtung no steet, kann een dat vläicht nach iergendwéi novollzéien. Wann awer deen eenzegen Aktionär vun engem Mediegrupp eng fraefeindlech an homophob reliéis Ideologie representéiert, a permanent probéiert, iwwert eng politesch Partei, Afloss op déi ganz Gesellschaft ze kréien, da fänkt et un, schwéier akzeptéierbar ze ginn.

D’Demissioun vum Chefredakter vum Wort werft, an deem Kontext, Froen op. Och wann deen eenzegen Aktionär vum Wort de Bistum ass, also de facto d’Kathoulesch Kierch, an och wann an der "ligne éditoriale" vun der "doctrine sociale catholique" geschwat gëtt, sou muss een als Aussestoenden awer unerkennen, dass deen demissionäre Chefredakter et fäerdeg bruecht hat, deene kathoulesche Wellen e bëssi d’Stir ze weisen. Während senger net grad 4-järeger Amtszäit war d‘Wort méi neutral wéi jee virdrun. Net perfekt, mee ëmmerhinn. Souguer déi béis Atheiste vun AHA hunn et alt mol mat engem Communiqué oder Lieserbréif an d’Wort gepackt. Déi meescht Journalisten déi do schaffe ware mat där Approche ganz zefridden, wéi se och an enger gemeinsamer Stellungnam geäussert hunn. Ma genau déi Approche vu méi neutraler Informatioun ass dem Chefredakter wuel zum Verhängnis ginn.

Zil vun där Chefredakter-Austauschaktioun wier laut Saint-Paul-Chef Luc Frieden, fir d‘Wort nees méi riets auszeriichten. Ech wéilt net an der Haut vun deenen dräi stiechen, déi erausgesicht goufen, fir dat ëmzesetzen. Oder sollten si sech tatsächlech just als trei Bistums-Vasallen entpuppen, déi wéi Algen am kathoulesche Mier matschwammen? Ech hoffen et net. Ze hoffen ass och, dass déi vill gutt Journalisten, déi beim Wort schaffen ouni mam Bistum eppes um Hutt ze hunn, elo net an eng "Vogel friss oder stirb"-Situatioun kommen. Well, dass beim Bistum vu senger eegener soit-disant chrëschtlecher Nächsteléift oft net vill ze spieren ass, huet ee spéitstens 2012 gesinn, wéi de Groupe Saint-Paul äiskal 68 Leit ewechrationaliséiert huet, an der 91 soi-disant fräiwëlleg an d’Fréipensioun gaange sinn.

Zum Thema „d’Wort méi riets ausriichten“: Op déi Iddi vum Luc Frieden au vu vum Wahlresultat vun der riets-extremer AfD an Däitschland eng gutt ass, woen ech ze bezweifelen. Oder sollt awer eppes un de Rumeuren dru sinn, dass no de Chamberwahlen 2018 an ënnert dem Drock vun der kathoulescher Kierch, eng CSV-ADR-Koalitioun fir béid Parteien duerchaus virstellbar wier?


* Allianz vun Humanisten, Atheisten an Agnostiker Lëtzebuerg a.s.b.l. (AHA), www.aha.lu

Mitglied International Humanist and Ethical Union (IHEU)

Mitglied European Humanist Federation (EHF)

Mitglied Alliance for a Secular Europe

Mitglied Cercle de Coopération des Associations laïques (CCAL)

 


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.