Carte Blanche vum Jean-Luc ThillD’Zukunft wielen

Nächste Sonndeg si mer opgefuerdert, eis lokal Zukunft déi nächst 5 Joer auszeriichten – eng Geleeënheet fir emol méi wäit iwwert den Tellerrand ze kucken, mat der Fro: wéi lieft et sech dann 2050 – dozou eng Carte Blanche vum Jean-Luc Thill.

Carte Blanche vum Jean-Luc Thill



Think globally act locally - Denk global an handel lokal – ass am Moment de Motto vun enger Abberzuel Wahplakater – och wann eng Fläch vun 2500 km2 der Iddi net wierklech gerecht gëtt.  An enger Woch ass et dann erëm eng vu villen Äntwerten, op d'Fro, wéi mer mat der Welt, am Sënn vun eisen zukünftege Generatiounen, sollen ëmgoen. Virun allem Eltere gesinn an dësem Motto eng Chance, datt och hir Kanner nach eng liewenswäert Welt als Erwuessener virfannen.

A genau dat schéngt ëmmer méi schwéier ze ginn – allzäit wann een der OECD wëll gleewen. An hirem Ëmweltausbléck kréien d’Schüler, déi 2015, dee wuel méi bekannte PISA-Test matgemaach hunn, en Ausbléck, wéi d’Welt soll ausgesinn, wa si 50 Joer hunn a laang erwuesse sinn. Wat beim PISA-Test fir Lëtzebuerg am speziellen, gëllt an Ëmweltfroe fir d’Welt am allgemengen: et gesäit net gutt aus. Do geet et mat engem rengen an oder blanne Vertrauen, wéi déi national Bildungspolitik et am Moment aklot, sécher net duer. Ofwaarden ass keng Optioun, well Konsequenze vum Näischtmaache si bedenklech.

Der OECD no géifen 2050 all Joers ronn 3 an 1/2 Millioun Mënschen un der knaschteger Loft stierwen, ëmmerhin duebel sou vill wéi haut. Betraff wiere virun allem d'Awunner aus grousse Stied, wou 2050 zwee Drëttel vun den néng Milliarde Mënsche liewen. Beim Waasser gesäit et net besser aus. Sou wieren 2050 d'Halschent vun eis net genuch mat Waasser versuergt a fir Fauna a Flora géif dat heeschen, datt all zéngt Spezies un dëse Konsequenze géif ausstierwen.  Eis Ustrengungen a Saachen Energie schéngen nohalteg net vill ze bréngen. Och wa mir heiheem – also lokal - da vill Energie aus Wand, Waasser oder Sonn wëlle gewannen, sou schéngt dat global iwwerhaapt näischt ze änneren: bis 2050 ginn ëmmer nach 85 Prozent vum weltwäiten Energiebedarf aus Verbrennung gewonnen, also mat Kuel, Ueleg a Gas – sou d'OECD.

Sollt der elo der Iddi verfalen, dat wier der Welt hire Problem awer kee vun eisem klenge Ländchen, oder mam Bléck op nächste Sonndeg kee vun ärer Gemeng, da sief drun erënnert, datt mer souzesoen am Zentrum vun enger riseger Zone industrielle wunnen.

Jiddefalls wann een den Zierkel hëlt an e Krees mat engem 400km grousse Radius ronderëm eis Gréng Insel zitt. A Grenze kënne vläicht Gesetzer, Steieren, PAGen an der TVA de Bass halen, awer géint knaschteg Loft oder Waasser riichten och si net vill aus.

Mä vläicht hunn d'Kritiker vun der OECD jo Recht an hir Ëmwelt-Previsoune wiere genau sou onzoutreffend respektiv zweckutiltaristesch wéi vill Resultater vun hiren aneren Etüden och.

A sollt der ieren heemlech denken „dat geet mech näischt un, well ech bis dohin net méi sinn!“ da werft mol e Bléck an der OECD hiren Ëmweltausbléck fir 2030! – hei gesäit et nämlech net wierklech besser aus!

Zukunft wielen hutt deemno vill Gesiichter a gi wäit iwwer eng quinquennal Flicht eraus. Well d’Konsequenze vum Näischtmaachen, wéi den Ëmweltausbléck ënnertitelt ass, kënne mer eis sécher net méi leeschten.


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.