Carte Blanche vum Astrid LullingSimplification administrative, wou bleift se?

Vun alle Säite vun der Politik héiere mer scho laang, dass se fir eng “simplification administrative” sinn, déi sécherstellt, dass Decisioune méi séier geholl ginn an d'Bierger  sech dofir net laang a wäit deplacéiere mussen. 

Ech wëll haut un zwee Beispiller weisen, wou mer mat der ‘simplification administrative’ bei eisem Staat dru sinn. 

  1. Beispill. Eng Portugisin, déi säit 8 Joer hei schafft, ass vu Rodange a Frankräich geplënnert, wou se, ouni Ufangskapital, fir en eegent Haus pro Mount bal 300 Euro manner bezilt wéi hire Loyer fir e méi klengen Appartement hei bei eis. A si ass elo och nach vill méi no bei hirer Aarbecht zu Lëtzebuerg. Hiert Kand, wat vun 9 bis 14 Joer bei der Bomi a Portugal war, well et hei an der Primärschoul iwwerfuerdert war, ass am Februar bei si zréckkomm. Bis Februar krut d'Bomi a Portugal d'Kannergeld. Bis Enn September war d'Mamm mat der Bürokratie hei geplot, bis se hir Certificate fir d'Kannergeld unerkannt krut. Där elengerzéiender Mamm mam Mindestloun feele säit Mäerz ëm 400 Euro de Mount, well se och nach an d’Steiergrupp 1 versat gouf an de Patron hir 72 Euro Steiere pro Mount ofhale muss. Well se fir hiert Haus pro Mount bezuele muss, goung et déi lescht Méint vir an hannen net méi duer. Hire Patron huet hir säit Abrëll hire Loun virausbezuelt. Well d'Kand elo an d'International Schoul zu Déifferdeng goe kann, waren am hallwe September Käschte fir Schoulmaterial asw. ze bezuelen. Well dat säit Mäerz geschëllte Kannergeld awer nach ëmmer net iwwerwise war, huet de Patron hir den 22. September d'Pai fir November bezuelt. Dat kann oder wëll net all Patron maachen. Dass esou Leit verzweiwelen an un der Politik zweiwelen, kann ech verstoen.
  2. Beispill. Eng Bulgarin, déi elo säit 2012 Lëtzebuergerin ass, schafft schonns zënter 1999 hei am Land a wunnt och hei. Si huet Kiné studéiert, krut awer, iert Bulgarien an de E.U.  war, hiren Diplom nëmmen als Masseuse unerkannt, wat hir deemools  duergoung. Am Juni 2016 huet se hiren Dossier mat den Certificate vun hirer bulgarescher Uni bei dem zoustännege Ministère agereecht, fir de Kinésdiplom unerkannt ze kréien, wat hire Patron och wollt.  Well se iwwert e Joer keng Äntwert krut , sinn ech emol intervenéiert an hunn och versprach kritt, den Dossier géing erëm an der zoustänneger Kommissioun behandelt ginn. Well am Juli 2017 nach ëmmer keng Äntwert do war, och keng negativ, huet déi Persoun un déi an esou Fäll zoustänneg europäesch Institutioun Solvit geschriwwen. De 17. August krut se e Bréif vum zoustännege Ministère, si soll eng Rei vu Certificaten eraschécken. Wéi se dat wollt beäntweren, huet se festgestallt, datt all déi Certificaten, bis op een, an deem Dossier waren, dee se am Juni 2016 eragereecht hat. Dat huet se do och per Mail geschriwwen an ugekënnegt, si géing deen, deen esou bei hirer Uni net getrennt ausgestallt gëtt, noreechen. An dräi Minutten hat se eng Äntwert. Ech hoffen, dass si elo hiren Diplom unerkannt kritt, wat fir hir berufflech Promotioun an hir Pai wichteg ass. 

Stellt iech vir esou Saache géingen iech passéieren. Verwaltungen, déi esou, soll ech soe ‘schaffen’, solle sech e Beispill un Estland huelen. Eise Premier Bettel war jo elo do. E lauschtert bestëmmt meng Carte blanche a suergt derfir, dass et hei mat der ‘simplification administrative’ Eescht gëtt.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.