Carte Blanche vum Marc HostertE vegane Polizist huet op der Paräiserplaz en Hond gebass ...!

Gutt Noriichte lafe laanscht eis, ginn an de Medien net ernimmt. Fir d'Redaktioune gëllt dacks dat zynescht Leitmotiv: "Schlecht Noriichte si gutt Noriichten", well nëmmen dës interesséieren anscheinend d'Leit. De Marc Hostert matt e puer Gedanken zu dësem Thema a mat e puer positive Statistiken, déi net esou einfach laanscht eis lafe sollen.

Carte Blanche vum Marc Hostert



Leschten Ëmfroen no wëllen ëmmer méi Bierger e sougenannte "Konstruktive Journalismus" hunn, e Journalismus deen och positiv Noriichte verbreet. D'Realitéit ass awer eng ganz aner. Bei "Focus online" zum Beispill sinn déi meescht geliesten Artikelen, déi mat enger negativer Noriicht iwwer Krich, Mord an ökonomesch Problemer. Sport a Livestyle komme wäit ofgeschloen am Mëttelfeld vir.

Firwat ass dat esou? Brauche mir Konsumenten negativ Noriichte fir dass et eis besser geet?

Et gëtt vill Grënn heifir: Déi wichtegst sinn, dass mer grondsätzlech net u positive Noriichten intresséiert sinn. Zweetens zitt besonnesch ons dat Ongewéinlecht un, deemno wann e Polizist en Hond bäisst an net ëmgekéiert. Drëttens eise Kierper brauch negativ Noriichten, dat fir duerno kënne Gléckshormoner ze produzéieren. Wann mer vun der negativer Noriicht selwer net betraff sinn, sinn negativ Noriichte fir eis eng Warnung. Eise Kierper gëtt eis eng Belounung  wann mer déi Warnung ugeholl hunn. Dëst ass e System, dee mer an eisem Gehir zanter der Steenzäit hunn, fir kënnen ze iwwerliewen.

Firwat erzielen ech dat elo? Well ech wëll, dass ech nogelauschtert kréie, wann ech elo e puer positiv Noriichten iwwer eis Zivilisatioun, eis Entwécklung an de Progrès un eiser Gesellschaft matdeelen.

Am Joer 1820 hunn 1% vun der Weltbevëlkerung an enger Demokratie gelieft. Haut liewe 56% vun der Weltbevëlkerung an engem demokratesche System.

1820 konnten 12% vun de Leit liesen. Haut läit dësen Taux bei 85%.

D'Liewenserwaardung ass weltwäit zanter 1900 vun 31 Joer op haut 71 Joer geklomm.

Den IQ vun den Duerchschnëttsbierger ass tëschent 1909 an 2013 em 30 Punkte geklommen.

D'Wëssen an der Medezin huet sech tëschent 1950 an 1980, deemno an 30 Joer, verduebelt. Haut verduebelt sech d'Wëssen an der Medezin all 3,5 Joer.

Och mir Männer entwéckelen eis weider. Huet de Mann am Joer 1900 am Duerchschnëtt 4 Stonnen am Stot pro Woch matgehollef sinn et haut 16 Stonnen.

Dëst si just e puer Indicateuren, déi eng positiv Entwécklung vun eiser Gesellschaft dokumentéieren. Et gëtt sécherlech nach villes ze verbesseren, mä et ass och emol der wäert positiv Noriichten iwwert eis laangfristeg Entwécklung an de Vierdergrond ze setzen.

Fir déi vun eis, déi hir alldeeglech Ratioun vun negativen Noriichten brauchen, fir déi ass sécherlech elo an e puer Minutten eppes bei den 8 Auer Noriichten derbäi!

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.