Carte Blanche vum Roland PinnelNach en «no name» an awer scho bekannt

Wat ass dann elo deen Tuerm, deen op der «Cloche d’Or» steet? Ass et Waassertuerm oder e Liichttuerm? A wat ass dat mat deem Päerd, dat um «Ban de Gasperich» ronderëm leeft? Wat et domat op sech huet, seet eis elo de Roland Pinnel a senger « carte blanche ».

Carte Blanche vum Laurent Pinnel



Erlaabt, dass ech mech virstellen: Mäin Numm ass…  Euuh, entschëllegt, ech hunn nach keen. Mä Dir kennt mech trotzdem bestëmmt alleguer.

Ech sinn nämlech deen neien Tuerm op der «Cloche d’Or» an ech wäert  elo geschwënn ageweit ginn. Da wäerten der bestëmmt ganz vill Happy sinn.

Ech si mer nach net richteg eens, ob ech dann elo e Waassertuerm oder e Liichttuerm sinn. Eent ass awer sécher: ech fannen, dass ech ganz gutt gerode sinn an ech wäert bestëmmt vill Opmierksamkeet op mech zéien.

Et gëtt gesot, ech wär esou eppes wéi eng « landmark » an der Landschaft. Oh jo, ech si richteg houfreg, eng onverkennbar Mark vun dësem neie Quartier ze sinn.

Ech ka mech eigentlech nëmmen driwwer wonneren, dass se mech iwwerhaapt als Tuerm, dee Waasser späichere soll, gebaut hunn. Ech hu mer nämlech vun Experte soe gelooss, dass d’Waasserverdeelung haut op eng ganz aner Aart a Weis organiséiert gëtt. Esou eppes géif neierdéngs iwwer Buedemreservoire geschéien; wat iwwregens vill méi effikass an och souguer am Endeffekt méi bëlleg wär.

An dann hu se mer och nach eng ganz speziell Haut ugedoen. Mat dësem Kleed wäert ech nuets an alle méigleche Faarwe stralen. Dat wäert d’Leit sécher déif impressionnéieren. Ech froe mech allerdéngs, ob dat nach kompatibel ass mat dem «Leitfaden für besseres Licht», deen den Nohaltegkeetsministère am Gaang ass, auszeschaffen.

D’Accord, dee Mäntelchen, dee se mer ugehaangen hunn, besteet aus LED-Luuchten. Mä ech sinn der Meenung, dass dat och nach net dozou bäidroe wäert, fir d’Liichtverschmotzung ze verbesseren. An dobäi weess ech allze gutt, dass mer eis hei zu Lëtzebuerg a puncto « lightpollution »  net ze bretze brauchen. Ech hunn nämlech an enger rezenter Etude gelies, dass elo schonn 20% vun eise Gemengen eis Ëmwelt mat enger Liichtintensitéit belaaschten, déi wäit iwwert der Moyenne vun dem Zoulässege läit.

Dir verstitt, dass et mir als Liichttuerm awer selbstverständlech aliicht, dass mer vläicht genee op där Plaz, wou se mech higebaut hunn, eng zousätzlech Liichtquell brauchen. An zwar fir bessert Liicht an den Urbaniséierungsplang vum « Ban de Gasperich » eranzebréngen. Well ech muss soen, ech hunn es elo scho sat, mer wiertes missen dee Verkéierschaos, deen et do gëtt, unzekucken. A wat hunn ech do deslescht verlauschtert? Do géif e Päerd ronderëm lafen, dat vun hannen opgezaimt gi wär. Um Gaasperecher Bann wär amenagementsméisseg nämlech sou muenches schif gaangen. Obschonn 13 Joer doru gebastelt ginn ass!? Et ass bal net ze gleewen, do sinn tatsächlech fir d’éischt d’Haiser gebaut ginn an duerno eréischt d’Stroossen!

A wie soll dann do beim Stadentwécklungsplang– fir a mengem Jargon ze schwätzen – eventuell kee Liicht vu Gott gehat hunn?!?



Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.