Carte Blanche vum Benoît ReiterGefill oder Verstand?

De Benoît Reiter, Jurist an enger nationaler Institutioun, mécht sech e puer Gedanken iwwer de Verloscht vu Rationalitéit an Europa.

Wann ech mer déi lescht politesch Entwécklungen an Europa ukucken, froen ech mech, ob mer an eisem Kontinent all Rationalitéit iwwer Bord gehäit hunn? Gëtt nach heiansdo nogeduecht oder ziele just nach Emotiounen? 

Carte Blanche vum Benoît Reiter

Hei e puer Beispiller. A Katalounien ass e Prozess am Gaang, deen d’Prinzipie vun engem demokratesche Rechtsstaat a vun der spuenescher Constitutioun total ignoréiert. Eng Minoritéit an enger Regioun, jorelaang opgestachelt vun enger irresponsabeler politescher Clique, schéngt sech e gëllen Zäitalter aus dem Mëttelalter erëm ze wënschen a probéiert mat alle Mëttelen, eng Onofhängegkeet duerchzesetzen, géint de Welle vum spuenesche Vollek, der probabeler Majoritéit an hirer eegener Regioun a géint déi demokratesch Constitutioun. Wat soll duerno geschéien a wéi soll dee Staat ekonomesch a politesch iwwerliewen a sech an Europa integréieren? Kee Mënsch weess et an dat schéngt och de Regéierenden zu Barcelona a ville vun hiren Unhänger egal ze sinn. 

Sou Beispiller ginn et nach. D’Vereenegt Kinnekräich decidéiert, mat enger klenger Majoritéit, aus der Europäescher Unioun auszetrieden, well ouni d’EU alles besser géif ginn. Während der Brexit-Campagne huet ee gemengt, den Empire géif erëm operstoen. Elo steet de Brexit virun der Dier a kee weess, wou d’Rees wierklech higeet. Et huet sech also virum Referendum keen doriwwer Gedanke gemaach, an awer ass de Brexit ugeholl ginn. A Groussbritannien selwer probéiert déi schottesch Regierung, ëmmer erëm Schottland onofhängeg ze maachen. Och an dësem Fall freet ee sech, firwat dass dat soll gutt sinn. Wat gëtt besser doduerch? Och hei gëtt een d’Gefill net lass, dass sech an eng Zäit zréckgeseent gëtt, déi et esou ni gouf. Et kéint een nach Beispiller ginn, z.B. d’Sproochenillusionisten zu Lëtzebuerg, déi och mengen, et misst een d’Rad vun der Evolutioun unhalen an erëm zréck goen. Just wouhin? Firwat? Wat bréngt dat? Gouf et déi Zäit iwwerhaapt, déi Verschiddener sech zréckwënschen? Mä, virun allem, léisst de permanente Bléck no hannen eis reell Problemer vun haut? 

Wat sinn dann eis Problemer? Wann ech ronderëm mech kucken, mat Leit schwätzen, Zeitunge liesen, da stellen ech fest, dass vill diskutéiert gëtt iwwer Froe vun der Educatioun vun de Kanner, d’ekonomesch Entwécklung, Avantagen oder Desavantagë vun der Digitalisatioun, d’Ofsécherung vu Pensiounen oder alternativ Rentesystemer, Risike vun enger neier Finanzkris etc. Mä komescherweis schénge sech am dagdeegleche Liewen net ganz vill Leit Gedanken ze maachen iwwer identitär Froen. 

Mech erënnert eis aktuell Zäit mat nationalisteschem an identitärem Enthusiasmus dach staark un d’Begeeschterung, mat där vill Leit 1914 an de Krich gezu sinn. Et brauch ee jo wuel net un den Ausgang vun dësem Wahnsinn ze erënneren. 

Et ass dofir dringend noutwendeg, kloer ze maachen, dass identitär an national Froen zu näischt féieren, ausser zu Haass, Ofspaltung, neie Grenzen an eventuell Krich. Loosse mer probéieren, zur Rationalitéit erëmzefannen a Léisungen ze sichen, fir déi Froen, déi wierklech wichteg fir eis Zukunft an déi vun eise Kanner sinn.


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.