Carte Blanche vum Gilles HempelGratis Wunnen

Bezuelbare Wunnraum war ee vun den Haaptsujete bei den Gemengewahlen. Och bei de Landeswahlen d’nächst Joer wäerte mir nach vill doriwwer schwätzen. A senger Carte Blanche presentéiert de Gilles Hempel eis eng ganz aner Perspektiv, op eng Gesellschaft wou Wunne carrément guer näischt méi kascht.

© RTL (Archiv)
Carte Blanche vum Gilles Hempel



An eiser Gesellschaft empfanne mir et als selbstverständlech, dass verschidde Servicer gratis sinn, respektiv just ee symbolesche Beitrag kaschten.

Huele mir zum Beispill d’Schoul. Déi ass gratis fir all Kand. An gëtt aus dem Staatsbudget bezuelt. Dat war net ëmmer sou. Virun net allze laanger Zäit hunn d’Leit nach misse bezuele fir hir Kanner an d’Schoul ze schécken. An a verschiddene Länner ass dat haut nach esou.

Bis virun engem Mount, hunn déi éischt 20 Stonne Kannerbetreiung nach Geld kascht. Lo sinn déi gratis, fir all Kand ab engem Joer. Eis medezinesch Grondversuergung ass och quasi gratis. Déi Gesond bezuele fir déi Krank. An dat ass gutt esou. Dat nennt ee Solidaritéit.

Et gëtt och ëmmer erëm dovu geschwat, dass den ëffentlechen Transport soll gratis sinn. Et gi Parteien, déi hunn dat an hire Wahlprogrammer stoen. Fir Schüler a Studenten ass en elo scho gratis.

Mir gesinn also, dass déi gesellschaftlech Entwécklung et mat sech bréngt, dass no an no verschidde Servicer, a besonnesch déi, déi eis elementar Besoinen erfëllen, solidariséiert ginn an der Allgemengheet da gratis zur Verfügung stinn.

An der Logik kéint ee sech jo och virstellen, dass eng Gesellschaft hire Bierger ee gewësse Standard vu Wunnraum gratis zur Verfügung stellt. Zur Befriddegung vun engem wierklech elementare Besoin.

E Staat, dee mat Steiergelder massiv an Infrastruktur (Stroossen, Brécken, Schoulen, Kliniken, an sou weider) investéiert, a seng Bierger déi da gratis notze léisst, kann dat vum Prinzip hier genau sou gutt mat Wunnraum maachen. Do schwätzt a priori näischt dogéint. Humanistesch gesinn, wier dat ee grousse Fortschrëtt: dezent, adequat a gratist Wunne fir jiddereen.

Natierlech stelle sech 100 Froen iwwert de Wee dohin, iwwer Organisatioun a Finanzéierung. Awer grad ee Staat, dee seng Awunnerzuel massiv wëllt an d’Luucht dreiwen, sollt sech déi Froe stellen.

Nieft enger méi a méi ausgebauter staatlecher Wunngarantie kéint jo nach ëmmer ee privaten Immobiliemarché existéieren. Fir déi Leit, déi gären eppes Extraes hätten a sech dat och leeschte kënnen.

Et kann ee jo och haut nach ëmmer seng Kanner op eng Privatschoul schécken a vill Geld dofir bezuelen, wann déi ëffentlech Schoul engem net gutt genuch ass. Oder an eng deier Privatklinik goen, wann engem d’Iessen am CHL net schmaacht. An wann an en puer Joer de Bus bis gratis ass, da kann een ëmmer nach den Taxi huelen.

Mee et muss een awer net.

Dat war eng Carte Blanche vum Gilles Hempel.

 

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.