Carte Blanche vum Jean-Louis SchlesserDe lenken Desaster. Lokal, global oder total?

Wat huet se nëmme falsch gemaach, d'LSAP, fir esou eng an d’Akaul ze kréien, freet, elo wou d’Koalitiounsverhandlungen an de Gemengen ofgeschloss ginn, de Jean-Louis Schlesser.

Eng grouss Fro steet am politesche Raum, an dat net eréischt zënter deene vir si katastrofale Gemengewahlen zu Lëtzebuerg. Wat ass da nëmmen mat de Sozialiste lass? Mir brauchen d’verluere Wahlen net méi opzelëschten.

D'Carte Blanche vum Jean-Louis Schlesser



A ganz Europa zielen d’Komerodinnen an d’Komeroden während de Wahlnuechte verluere Prozenter a verluere Sëtzer an de Volléksvertriedungen - a versiche gutt Minn zum béise Spill ze maachen, wa se e Mikro ënnert d’Nues gehale kréien. Et ass wéi beim Klimawiessel: d’Eropgoe vun den Temperature provozéiert wahrscheinlech net esou direkt d’Wiederkatastrophen, mee wierkt wéi eng Verstäerkung - a mécht aus staarkem Wand en Tornado. Bei de Genossen ass d’Gonscht vun der Stonn net vir si, a punktuell Ëmstänn maachen aus engem Trend eng Katastroph. A Frankräich hat eng, net fir de Präsidenten-Job equipéiert Persoun, der sozialistescher Partei de Rescht ginn an engem cholereschee, gëftege Lénkspopulist de Wee fräi gemaach sech fir, naja, lénk Wäerter an Iddie staark ze maachen.

Ass Esch d’Resultat vun engem ongléckleche Casting oder sinn aner Momenter am Spill? Kann eng, mat Leif a Séil lénk engagéiert, ouni de gréngsten Zweiwel éierbar Persoun iwwerhaapt e Castingsiertum an enger Stad wéi Esch fir eng Partei wéi d’LSAP sinn? A mat de konservative Kandidaten hu mer jo och net grad  Charismatiker virun eis! Ech mengen et gëtt, hei wéi anerwäerts, eng Grondstréimung, géint déi et schwéier ukommen ass, och wann ee vill  Spacemining mécht.

Mir als Lëtzebuerger hunn eng heemlech Libesgeschicht mat der CSV, wann een net grad dat ass, wat e fréier e Pafefrësser genannt huet. Och wa mir hei an do mat enger Anerer, engem Aneren an d‘Bett ginn, lande mir erëm séier a reimiddeg bei der Legitimmer.

Esou ass dat an eisem klenge Land, mee firwat ass et an de groussen Natiounen ähnlech? Firwat geet e Ruck no riets duerch d’Vollek? De Sozialismus, wann et net grad dee vum Jean-Luc Mélanchon ass, huet vu Gebuert un eng international Ausriichtung. Wann ee wëllt, datt et anescht a besser gëtt, da muss een d’Welt verbesseren. Da geet et net duer, eleng a sengem Eck ze sëtzen, d’Käschten aus dem Feier ze huelen…, a se all selwer z‘iessen. D’Iddi, datt dat net richteg wär, mécht ville Bierger Angscht. Si géife wierklech gär d‘Käschten eleng iessen.

Reformistesch Sozialisten a liberal Globaliséierer sinn a leschter Zäit riets… Kosenge ginn. Dat gelt speziell fir Lëtzebuerg wou mir, materiell gesinn, a matt der Hëllef vu globaliséierende Sozialisten, zu de grousse Gewënner vun den offene Grenzen gehéieren an, jo richteg, zimlech vill Käschte z‘iesse kruten. Oder net? d‘Zyneker soen allerdéngs, all Vollek hätt eben d’Recht ondankbar ze sinn.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.