Carte Blanche vum Paul KremerKatalounien

De Filosof war fir d’éischt a Katalounien, wou Plakaten do hungen mat: “25 Joer Fridden”.

Carte Blanche vum Paul Kremer



En Zynismus vum Franco mat senger Troddel um Schëfchen? – Hien huet Spuenien den 2. Weltkrich erspuert. Frot de Führer zu Hendaye!

Barcelona war en Duerf. Semana santa. Zaldoten am Helm si gebremst laanscht gezunn, d’Maschinne-Gewier op de Pavé geriicht. Makaber wéi soss nuren an Andalusien.

Dir koumt owes net eleng an den Hotel eran. Dir hutt misse klappen. Da koum de Nuets-Wiechter mat sengem risege Räif Schlësselen. 14. Joerhonnert?

Sagrada Familia. Grotesk. Wie baut schonn am XX. Joerhonnert eng pseudo-gotesch Kathedral? – De Filosof huet : “Nee” gesot. Verstitt! Hien hat de Courage am “templo expiatorio” e Meeschterwierk ze gesinn. D’Zäit sollt em Recht ginn.

“Catala a l’escola” stoung e puer Joer méi spéit op Lantere gespréit. Am Musée fir katalanesch Musek hutt Dir e Virtrag op katalanesch héieren a verstanen. De Jordi Savall huet ugefaangen aus ale Pergamente Musek ze maachen. Hien huet mäin Alter.

Spuenien ass e grousst Land. Spuenien ass e Land mat Zukunft – och mam Rajoy, och wann hien, wéi all Galicier, virgehale kritt, wann der hien an der Trap begéint, ni géif weisen, op en lo rop oder rof wéilt.

“Matamoros” war joerhonnertelaang e Luef. – Déi verréckteste Kënschtler koume vun do: de Joan Miro; de Picasso – hunn zu Barcelona gewierkt.

Nobel Dammen hunn en Numm, laang wéi hir Ceinture a si blond wéi e Schwarzwald-Mädel.

Mir halen zou en an halen hinnen zou. Op enger Bänk huet een Zäit fir dat richteg ze fannen.

Lëtzebuerg trëtt net aus dem Benelux aus. De Vargas Llosa hat Recht: waart emol!

                                            


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.