Carte Blanche vum Fernand FehlenGemengewahlen

Zu Bettenduerf ass e portugiseschen Aarbechter den Éischtgewielten, mä huet op de Buergermeeschterposte verzicht. A senger Carte Blanche kënnt de Soziolinguist a pensionéierten Dozent vun der Uni Lëtzebuerg, Fernand Fehlen, op dëse Verzicht zréck.

Carte Blanche vum Fernand Fehlen



Wéi 1999 d‘Wahlrecht fir d‘EU-Auslänner um Gemengenniveau agefouert ginn ass, huet munch een doranner eng Bedrohung fir d‘Nationalsouveränitéit a virun allem fir d’Lëtzebuerger Sprooch gesinn. Fir dës Ängschten ze berouegen, ass esouguer en extra Artikel iwwert de Sproochgebrauch an d’Gesetz ageschriwwe ginn. „La langue usuelle parlée au conseil communal est le luxembourgeois.“ Et däerft een zwar och däitsch a franséisch schwätzen, mä et däerft ee weder eng Verdolmetschung vun den Diskussiounen nach eng Iwwersetzung vun den Dokumenter verlaangen. Also eigentlech och keng Iwwersetzung vu franséischen Dokumenter op Däitsch oder Lëtzebuergesch. Mä dat ass eng aner Geschicht.

Een Abléck huet et an de Medie geheescht, de José Vaz do Rio géif den éischte portugisesche Buergermeeschter ginn. A jonke Jore war hien agewandert an huet als Aarbechter bei de Goodyear geschafft. Elo ass e pensionéiert a President vun der FC Jeunesse Gilsdorf an engem weidere portugisesche Footballclub. Vläicht manner typesch fir déi Migrantengeneratioun: Hien huet Lëtzebuergesch geléiert an d’Duebelnationalitéit … esou datt den éischte portugisesche Buergermeeschter och Lëtzebuerger gewiescht wär. Mä dozou ass et net komm. Hin huet verzicht, och well e mengt, net perfekt genuch Lëtzebuergesch ze schwätzen an et net richteg schreiwen ze kënnen. Hien ass mam éischte Schäffeposten zefridden an huet enger Affekotin de Virtrëtt iwwerlooss, déi parteipolitesch Erfarung huet a sécher besser mat de franséische Paperassen zu Wee kënnt.

Ier mer iwwer seng real Sproochkompetenze spekuléieren, sief un e puer Zuelen erënnert. No enger Etüd vum CEFIS waren 1999 6% vun de Kandidaten Aarbechter, 2005 waren et der 4% an 2011 nëmme méi 3%. Vun hinnen ass nëmmen een Drëttel gewielt ginn. Bei de Chamberwale vun 2013 waren, no enger Etüd vun der Uni, vun deene 560 Kandidaten 3 Aarbechter, dat mécht en hallwe Prozent.

D’politesch Participatioun setzt Ressource viraus, déi kengeswees gläich verdeelt sinn: Zäit, Suen, Bildung an, net ze vergiessen, dat richtegt Geschlecht, well d’Frae sinn nach ëmmer – a net nëmmen an der Politik – op allen Niveauen systematesch benodeelegt.

Domat wëll ech kengeswees soen, datt Nationalitéit a Sproochkompetenze keng Roll spillen. Ech wëll just virun der Gefor warnen, sozial Froen ënnert den Dësch ze kieren, andeems ee se op hire sproochlechen Aspekt reduzéiert.

 

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.