Carte Blanche vum Paul HammelmannNordkoreaner, déi Drecksäck

Dem Donald Trump seng Tweete suergen jo weltwäit, wéi d’Chamberbliedche géif schreiwen, fir „hilarité générale“: heiansdo kann engem awer och den Doudschweess ausgoen, z.B. wann hien, a senger him eegener Sprooch säi “wonnerbaren“ Ausseminister wéinst senger Nordkoreadiplomatie lueft a kuerz drop virun der UNO-Vollversammlung desavouéiert an Nordkorea mat kompletter Zerstéierung dreet. De Paul Hammelmann huet sech beim däitsche Kabarettist Hagen Rether inspiréiert a kommentéiert.

Carte Blanche vum Paul Hammelmann



D’Welt ass net schwaarz-wäiss esou wéi se oft – ze oft – duergestallt gëtt.

Karikaturéierung vun de Problemer awer fänkt un inquiétant Dimensiounen unzehuelen, wann och déi Leit déi nogelauschtert kréien an eng Virbildfunktioun missten hunn, sech dem Wortschatz aus engem Jerry Cotton Roman bedéngen, an an de primitiivste Populismus verfalen, méi wéi sécher well se, wéi eisen Texasnuckes, um intellektuelle Limitt seegelen.

Mä den Donald Trump huet Recht, wann hie vum nordkoreaneschen Diktator Kim Jong-Un schwätzt.

Dee klenge Rakéitemann muss e Kapp méi kuerz gemaach ginn a ganz Nordkorea gehéiert flächendeckend bombardéiert!

Déi Drecksäck!

Kuckt emol wat si am Irak verbrach hunn oder am Hindukush.

Kuckt emol wéi si ganz Landstreecher fir Joerzéngte mat Entlaubungsmëttelen onfruchtbar gemaach hunn an d’Awunner vergëft hunn, am Vietnam!

Déi nordkoreanesch Drecksäck!

… Ah nee, dat ware jo d’Amerikaner!

Kuckt emol wéi si d’hallef Welt ausspionéiert hunn, inklusiv den Telefon vun der Frau Merkel.

Kuckt emol wat si hirem eegene Vollek undinn, illegal Gefaangenelager ënnerhalen, Folter applizéieren, déi schwaarz Bevëlkerung kujenéieren, déi nordkoreanesch Drecksäck!

… Ah nee, dat si jo d’Amerikaner! Schued, datt et net Koreaner sinn.

Mä da kuckt awer emol wéi déi Nordkoreaner de culot hunn, nom Papp säin eegene Fils President ze maachen. Dat ass dach net demokratesch; dat ass dach ondenkbar an Amerika.

Déi nordkoreanesch Drecksäck!

Kuckt emol wéi se am Mëttelmier Dausende vu Flüchtlingen ersaufe loossen, déi dreckeg Nordkoreaner!

Ah sou, dat si jo mir Europäer!

Schued, datt et net d'Nordkoreaner sinn, déi hätten en ideaalt Feindbild ofginn.

Da kuckt emol d’Russen, déi Drecksäck, mat deem Macho vu Putin!

Stellt iech vir: 40% vun de Russen halen d’Homosexualitéit fir eng ustiechend Krankheet! 40 % !!

Am Vatikan sinn et 100 %


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.