Carte Blanche vum Paul EstgenEuropa bauen

Et huet een d’Gefill, dass d’Europäesch Konstruktioun an enger grousser Krise stécht. Mir schwätzen haut vill vu Reformen an neiem Ufank. Ass de grousse Bau gestoppt ginn? Ass wie bei engem Haus wat no 50 Joer muss renovéiert ginn? Dozou eng Carte Blanche vum Paul Estgen, Soziolog am Centre Jean 23.

Op dem Europäeschen Niveau gëtt aktuell vill doriwwer diskutéiert, wéi d’Europäesch Union misst reforméiert ginn. De Jean-Claude Juncker, den Emmanuel Macron, d’Angela Merkel, an nach vill aner héichrangeg Politiker, hunn an de leschte Woche sech mat der Fro vun der Zukunft ausenanergesat. De Brexit an d’Opkomme vun de populistesche Parteien, de Réckzuch vun Amerika um internationale Parquet, spillen do d’Roll vun engem Katalysator. Jiddereen ass d’Accord mat der Iddi, dass elo eppes muss passéieren.

Mee geet et duer dass dësen Debat vun der Reform just op dem Niveau vun den Regierungscheffen an Europäeschen Institutioune gefouert gëtt? Genau an engem Moment, wou mer gesinn, dass e groussen Deel vun der Bevëlkerung sech nëmme ganz wéineg mat der europäescher Konstruktioun identifizéiert?

Ech wiesselen elo ganz bewosst de Standpunkt. Vum Macro-Level op de lokalen Niveau. Virun e puer Deeg war ech mat engem Grupp am Schengen-Musée. D’Schengen-Ofkommes ass e Grond-Pilier vun deem haitegen Europa. Mä entstanen ass déi Geschicht jo am ganz klengen. Frankräich an Däitschland ware bereet, zesummen mat den Benelux-Staaten hir Grenzen opzemaachen, ebe genau no deem Modell, deen d’Belsch, Holland a Lëtzebuerg schonns haten. Et gouf e Stéck Europa geschaaft, dat ganz konkret erliefbar war, fir all Bierger vun dësem neien Espace.

Ech interpretéieren dës Geschicht als en zweete Wee, wéi een Europa ka weiderbauen. Villäicht geet dat ze wäit, fir ze soen, dass dat de Modell vum Bottom-Up kéint duerstellen; mä et ass op jiddefalls no drun. Europa baut sech och am klengen: do wou konkret nei Weeër gesicht ginn, fir Problemer a Froe vun de Bierger ze léisen. Wann een dann nach de politesche Wëllen huet, fir mol Verschiddenes auszeprobéieren an ëmzesetzen, da sinn d’Chancë grouss, dass een et schafft, vun engem klengen Experiment aus, e grousst Stéck Europa ze bauen.

Lëtzebuerg ass jo predestinéiert, fir sech do mat ze engagéieren. Duerch ons Grenzregioun, ons Méisproochegkeet, sollte mer versichen, mat onsen Noperen nei Modeller ze probéieren, fir dat Europa vu Muer.

Ech ginn e konkret Beispill. Wann ee vu Belval duerch den Tunnel a Frankräich fiert, gesäit een, dass et do riseg Fläche gëtt, déi quasi brooch leien, an e bëssen ausgesinn, wéi en Nomansland. Eigentlech eng ideal Plaz, fir eng ganz nei Stad ze bauen, déi u Belval géif uschléissen. Dat géif Wuesstem fir eng strukturschwaach Regioun a Frankräich bedeiten a kéint och een Deel zur Entschäerfung vun der Wunnengsproblematik, spriech Terrainspräisser vu Lëtzebuerg bäidroen.  Dat wär jo ideal fir mol ze probéieren, eng Zone Franche fir d’Bierger ze kreéieren, wou Lëtzebuerger a Fransouse géifen eppes Neies erfannen. Natierlech muss een do iwwert Sozialrechter, Steiersystemer, Schoulmodeller a sou enger Zon diskutéieren a verhandelen. Et ass selbstverständlech, dass esou e Projet muss eng Win-Win-Situatioun fir déi zwee Länner duerstellen. Mä et kéint awer och e formidabele Projet sinn, wou mer haut zesummen, mat den Bierger aus der ganzen Regioun, géifen nei Modeller erschafen, wéi Europa kéint sech weiderentwéckelen. Dat wär och eng Méiglechkeet, fir de President Macron net nëmme flott Iddien ze presentéieren, mä och konkret eppes ëmzesetzen.

Ech wënsche mer en neien Undriff an onser Groussregioun als positive Bäitrag fir den Europäesche Projet. Ech hoffen dann och, dass déi Europäesch Konstruktioun seng Plaz am nächste Wahlkampf hei zu Lëtzebuerg fënnt, an dass mer duerch konkret Projeten neien Optimismus schafe fir d’Europäesch Integratioun. 

 

 

 

 


 

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.
 

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.