Carte Blanche vum Robert GoebbelsWéi ëmweltfrëndlech ass d’Elektro-Mobilitéit wierklech?

Dozou eng Carte Blanche vum Robert Goebbels, fréiere Wirtschaftsminister.

D’Rifkin-Etüd iwwert déi zukünfteg Orientéierung vum Ländche schléit munch gelunge Saache vir. Sou sollen zu Lëtzebuerg vun 2025 un nëmme méi Elektro-Autoen immatrikuléiert ginn. D’Enn fir Verbrennungsmotoren gëtt vun de Fransousen a Brite fir 2040 ugepeilt.

Mir si jo bekanntlech besser wéi all déi aner. D’Regierung wëll bis 2020 40'000 Elektro-Autoen op onse Stroossen. 2016 sinn 145 E-Mobiler verkaf ginn. Bis Enn August 2017 waren et der 202. De Wee zur totaler Elektro-Mobilitéit ass also nach ganz wäit.

Och wa jidder Lued-Statioun fir Elektro-Mobiler vun der Politik eenzel ageweit gëtt, wäerten Enn 2017 beschtefalls 150 Statioune funktionéieren.  Uviséiert ginn der 800 bis 2020. Wat ni duergeet, falls de nationale Fuerpark vun iwwer 500.000 Vehikele wierklech op elektresch ëmgestallt sollt ginn.

Den Transportminister favoriséiert de Kaf vun engem d’E-Mobil mat 5.000 eEuro . Fir 500.000 Vehikele mat Brennstoff-Motoren duerch E-Mobils ze ersetzen, wär dat en Effort vun 2,5 Milliarden Euro. D’Prime wäert et also net laang ginn.

Et däerf ee sech froen, op et néideg war, fir de Kaf vun Autoen ze favoriséieren, dee wéi en Tesla X ëm 100.000 Euro oder e BMW i8 iwwer 140.000 Euro kaschten? Wien esou vill Geld fir säi grénge "Protzmobil" huet, brauch keng Steierkaddoen.

Iwwerhaapt muss hannerfrot ginn, ob d’Elektro-Autoe wierklech besser fir d’Ëmwelt sinn?

D’Zäitschrëft „Focus“ huet e Bilan gezunn. Fazit: „Die heutigen Elektromobile belasten die Atmosphäre bei der Herstellung stärker als konventionelle PKW’s.“ (...) „Die Emissionen der Fahrzeugherstellung liegen um etwa 60% höher als bei einem vergleichbaren Verbrennungs-Fahrzeug.“

Den Haaptproblem sinn d’Batterien, déi Lithium an Kobalt benéidegen. Zwee rar Elementer, iwwert där nieft Ausbeutung an Notzung vill Negatives ze soe wär.

Spillt d’Politik net verréckt? Während Jore sinn Diesel-Autoen steierlech favoriséiert ginn. Dat hat säi Grond: Diesel huet e besseren Brennwäert wéi Bensin. E Liter Diesel stéisst manner CO2 aus. Doduerch ass d’Ëmwelt-Belaaschtung vum Diesel manner grouss, wéi vu Bensin. Dofir huet d’Politik de Präis vum Diesel méi niddreg gehalen. Elo sollen Diesel-Autoen bestrooft ginn. Ëmmerhin méi wéi zwee Drëttel vun onsem Autopark.

Sécher, et gëtt d’Problematik Feinstaub. Dee geet zanter Joren an Europa zeréck. Och bei ons sinn d’Konzentratiounen net dramatesch. Wéi nach d’Stolindustrie gedrummt huet, sinn d’Konzentratioune glécklecherweis ni gemooss ginn.

Et soll een all déi Problematiken Eescht huelen, awer net iwwerstierzt handelen.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.