Carte Blanche vum Marc MullerEng gerecht an nohalteg Verdeelung vun de Friichten aus der wirtschaftlecher Produktioun?

Globalisatioun, Robotisatioun, Industrie 4.0, drëtt Industriell Revolutioun, Internet of things... Eis Wirtschaftswelt verännert sech rasant. Eng Geleeënheet sech Gedanken ze maachen iwwert d’Verdeele vum Räichtum aus dem wirtschaftleche Produktiounsprozess, mengt den Ekonomist Marc Muller, a senger Carte Blanche vum Méindeg.

Carte Blanche vum Marc Muller



Zanter dem Adam Smith, dem sougenannten Urpapp vun der Ekonomie, sinn Aarbecht, Kapital an Natur d’Basis vum Produktiounsprozess an der Wirtschaft. Ënnert Aarbecht gëtt zum Beispill all Qualifikatioun a wirtschaftlech Aktivitéit vum Mënsch verstanen, zum Kapital gehéieren zum Beispill Maschinnen, genausou wéi d’Finanzkapital an d’Natur ëmfaasst zum Beispill  Rohstoffer, Energie an Terrainen.

D’Schafe vun enger “Valeur ajoutée” am Laf vum Produktiounsprozess erlaabt et dann, iwwert de Verkafspräis, déi dräi Produktiounsfacteuren ze remuneréieren. An hei stellt sech, net zulescht am Kontext vun der sozialer Verantwortung vun de Betriber, d’Fro vun der gerechter oder ethescher Verdeelung vum geschaafene Mehrwert op eben des dräi “Facteurs de production”: Aarbecht, Kapital an Natur. Entscheedend dofir ass d’Kräfteverhältnis vun den Acteuren an der Wirtschaft, mä wat heescht dat konkret an eiser globaliséierter an ëmmer méi robotiséierter Welt?

Fir d’Rechter vun den Aarbechter setze sech a gréissere Betriber an op nationaler Ebene d’Gewerkschaften an. Si versichen, d’Aarbechtskonditioune vun de Beschäftegten ze verbesseren a gerecht Paien auszehandelen. Wat d’Gewerkschafte méi Memberen hunn, wat hir Verhandlungspositioun méi staark ass. D’Robotisatioun an d’Verlagerung vun der Produktioun a Länner mat de niddregste Produktiounskäschten (zum Beispill duerch niddreg Léin a gerénge Gesondheetsschutz), d’gläichzäitegt Feele vu global agéierende Gewerkschaften an ze niddreg Memberszuelen schwächen awer weltwäit d’Verhandlungspositioun vun de Gewerkschafte vis-à-vis vun de Betriber an hiren Propriétairen, also dem Kapital.  

E schlecht nummeréierte Produktiounsfacteur ass d’Natur. Si gëtt praktesch “bradéiert”, obwuel déi zur Produktioun noutwendeg Rohstoffer net onbegrenzt verfügbar sinn an d’wirtschaftlech Aktivitéit de geféierleche Klimawandel beschleunegt. Zum Erhalen, resp. zur Erneierung vun der Natur misst duerfir vill méi e groussen Undeel vum geschaafene Räichtum aus dem Produktiounsprozess och der Natur zegutt kommen. Weltwäit Akzenter setze kann hei, wéi 2015 zu Paräis op der Weltklimakonferenz “COP21”, nëmmen d’Politik. D’Politik awer gëtt staerk duerch d’Lobbyiste vum drëtte Produktiounsfacteur, dem Kapital, beaflosst.

D’Kapital ass dann och de mobilsten, stäerksten an dofir aktuell erfollegräichste Produktiounsfacteur an enger Wirtschaftswelt, wou d’geografesch Grenze sech opléisen an d’Propriétaire vum Kapital, d’Produktioun ekonomesch-rational a radikal an déi Länner verlageren, wou d’Steieren am niddregsten an Aarbecht an Natur am Gënschtegsten sinn. Déi ausgeléiste Competitioun tëscht de Länner spillt dann och besonnesch de grousse Multinationalen an dem Finanzkapital an d’Hänn.

Fir déi sozial Kohesioun an eise Gesellschaften, fir d’Solidaritéit tëscht de Kontinenten a fir de Respekt vu Mënsch an Natur, wier et do awer net wichteg a richteg, d’Friichte vum Produktiounsprozess zäitgerecht, ethesch an nohalteg ze verdeelen? Zum Beispill duerch d’Verdeierung vun de Rohstoffer à la source, fir datt Entwécklungslänner sech och wierklech entwéckele kéinten, duerch méi héich a weltwäit identesch Ëmweltschutzoplagen a Besteierunge vum Kapital oder och nach duerch d’Bedeelegung vun alle Salariéen um Erfolleg vun de Betriber?



Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.