Carte Blanche vum Magali PaulusSteieren an Expulsiounen

Kann een e Steier-Skandal mat Expulsioune vun indigene Communautéiten am Guatemala verbannen? Net wierklech, ausser dass se zur nämmlechter Zäit geschéien an d'Magali Paulus beschäftegen. Si schafft fir Frères des Hommes an ass engagéiert bei etika an dem Collectif Tax Justice Lëtzebuerg.

08/11/2017 Carte Blanche: Magalie Paulus



Et wier logesch, dass ech elo géing iwwert d'Paradise Papers schwätzen, well Steiergerechtegkeet en Thema ass, dat mer ganz um Häerz läit, mä gëschter sinn ech nach eppes gewuer ginn, wat mech genau esou schockéiert huet wéi déi nei Revelatiounen iwwert déi immens Maschinerië vu Firmen a Leit mat substantiellem Kapitalakommes, fir esou mann ewéi méiglech Steier ze bezuelen. Wat stécht eigentlech dohannert? Firwat den Drang zu ëmmer méi Profit, ëmmer méi Kapital, ëmmer manner Steieren? Wéi wa Steiere bezuelen eppes Schlechtes wier. Wéi wann d'Steieren net eise Gesondheetssystem, Educatiounssystem, Infrastrukturen an esou vill méi géinge finanzéieren.

Nee, dat wat mech méi mathëlt, dat ass dat, wat grad am Guatemala geschitt. Ech schaffen do mat enger ganz militanter Bauerenorganisatioun, dem Comité de Unidad Campesina, dem CUC, deen d'Rechter vun de Klengbaueren, den Aarbechter, de Fraen an den indigene Populatioune vertrëtt a probéiert ze schützen. An deem Projet, dee mir mat hinnen hunn, schaffe mer a 4 Communautéiten, fir hir souveraineté alimentaire ze stäerken duerch d'Agroecologie an hir Biergerbedeelegung duerch d'Stäerkung vun hire Rechter.

Eng vun de Communautéiten, wou ech virun annerhallwem Joer war, 25 Famillen, ass den 1. November, och e Feierdag am Guatemala, vun der Police an der Securitéit vun enger Groussgrondbesëtzerfamill aus hirem Duerf verdriwwe ginn, well si zanter Joren am Klinsch mat der Famill ass, fir endlech Recht op déi Lännereien ze kréien, op deene si zanter bal 50 Joer liewen an déi si fir hire Besoin kultivéieren. Mir schwätzen hei vun enger ganz reculéierter Géigend an de Bierger. Et muss en och mentionnéieren, dass et Maya Q'eqchi sinn an dass d'indigen Populatiounen zanter der Kolonialisatioun iwwert de Biergerkrich am Guatemala ëmmer vun den dirigéierenden Elitten diskriminéiert gi sinn. Déi Famille waren ursprénglech schlecht bezuelte Landaarbechter vun der Groussgrondbesëtzerfamill. Si waren am Gespréich mat den Autoritéiten, fir hiert ancestraalt Recht op déi Lännereien unerkannt ze kréien. Lo sinn an engem Dag hir Haiser zerstéiert ginn, hir Felder, hir Liewensgrondlag ... An dat matzen an der Reenzäit ...

Lo stellt sech natierlech d'Fro firwat? Wat huet d'Groussgrondbesëtzerfamill mat den Terraine wëlles? Et ass matzen an de Bierger, dat heescht net gëeegent fir Monokulture wéi Palmenueleg oder Zocker, duerch déi vill aner Klengbaueren hir Felder am Guatemala an iwwerall op der Welt verléieren. Vläicht ass och soss eng Ressource fonnt ginn, déi een um Weltmaart verkafe kann.

Ee vun de Leadere vun der Communautéit, den 62-järege Rosendo Chen, sëtzt zanter Enn August am Prisong, wéi vill indigen Leaderen a Mënscherechtler am Guatemala. Mä egal wéi ongerecht Situatioune sinn, dat, wat wichteg ass, dat ass, dass d'Populatiounen an hire Rechter gestäerkt ginn, dass se d'Moyenen hunn, fir sech ze verteidegen, fir Gerechtegkeet ze fuerderen. An da geet et weider, wéi een esou schéi seet: la lucha sigue ...


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.