Carte Blanche vum Richard Graf Mediepluralismus gedréckt an ongedréckt

An der Lëtzebuerger Medielandschaft ass an der Lescht zimlech vill passéiert – am positiven an am negative Sënn. Allerdéngs ass d'Zukunft vum Mediepluralimus alles anescht wéi geséchert. Eng Carte Blanche vum woxx-Journalist Richard Graf.

Wéi ech viru bal dräi Joer op dëser Plaz eng Lanz fir de Mediepluralismus zu Lëtzebuerg gebrach hunn, waren net wéineg Kommentaren, déi mer virgeworf hunn, ech géif mech op eng korporatistesch Aart a Weis fir mäi Beruffsstand asetzen.

Ech wëll dat haut dann nach eng Kéier maachen, allerdéngs net ouni virausschécken, datt en ekonomesch tragfäegen professionelle Journalismus e besonnescht wichtegt Standbee vun dem Pluralismus ass, awer natierlech net dat Eenzegt.

Deemools ass drëm gaangen, datt déi zënter den 1970er Joren zu Lëtzebuerg praktizéiert Hëllef fir déi geschriwwe Press sollt ëm 20 Prozent amputéiert ginn, fir domadder sougenannten „Online“- Medien ze förderen.

D'Rechnung war schnell gemaach, well di Kierzung ganz ënnerschiddlech Effekter gehat hätt op di subventionéiert Publikatiounen: Paradoxerweis wären grad di kleng Titelen, déi zesummen mol net e Sechstel vun där Hëllef astiechen, virun d'Situatioun gestallt ginn, de Buttek missen zouzemaachen, well se dann d'Konditiounen, fir iwwerhaapt déi Hëllef ze kréien, eventuell net méi erfëllt hätten.

Et sief drun erënnert, dat niewent der wëchentlecher oder deeglecher  Parutioun eng Konditioun vun där Hëllef virschreift, datt esou eng Zeitung  mindestens fënnef haaptamtlech Journalisten oder Journalistinnen muss beschäftegen.

Zum Gléck ass de Groschen bei den Verantwortleche schnell gefall, an d'Hëllef fir d'Online-Medien gouf am Kader vun engem „Mécanisme transitoire“ esou opgestallt, datt si zousätzlech ausgeschott gëtt – also net op Käschten vun de gedréckten Medien.

Ausserdeem ass et elo och méiglech fir existéierend Printmedien, eng zousätzlech Online-Präsenz auszebauen, virausgesat si bitt tatsächlech en zousätzlechen Contenu a si beschäftegt mindestens zwee Journalistinnen oder Journalisten à part.

Esou einfach wéi um Pobeier schéngt dat neit Verfaren allerdéngs nach net ze sinn, well di éischt Demanden goufen eréischt an de leschten Deeg guttgeheescht, obwuel d'Reglement schonn am Januar geholl gouf.

Verpasst gouf awer och d'Chance déi Neierung mat enger Reform vun der existéierender Pressehëllef ze verknäppen, déi jo bekanntlech den Uspréch vum Ufank net méi onbedéngt gerecht gëtt.

Et sief dann: den neie provisoresche Regime huet jo zu enger Rei Initiativen gefouert, déi an deene nächste Méint weise mussen, op sech d'Situatioun am Medieberaïch dann elo wiesentlech verbessert.

Wichteg wier et allerdéngs, datt et zu méi Kooperatioune kënnt, och tëschent de verschiddene Medieformen. Et kann een d'Weltgeschicht eben net nëmmen per Twitter erklären, och wann Zeechenzuel elo op e Schlag verduebelt ginn ass.

Et ass kloer, datt et fir Lëtzebuerg - wahrscheinlech nach méi ewéi a gréissere Länner - alles anescht wéi evident ass, wéi e professionelle Journalismus an Zukunft iwwerhaapt nach bedriwwe gi kann.

Et ass och schued, datt dës Diskussioun iwwert d'Konditiounen, wéi zu Lëtzebuerg d'Medielandschaft soll nei opgestallt ginn, just mat eenzelnen Editeuren beschwat gëtt, an net mat de betraffenen, nämlech de Journalistinnen a Journalisten.

Ëmmerhin dierft Reunifikatioun vun de bis elo dräi Journaliste-Gewerkschaften zu enger eenzeger et erlaben, datt an Zukunft déi gemeinsam Interesse méi effikass vertruede ginn.

Konkurrenzdenken tëschent Medienhaiser - grousser wéi klenger - huet et bis elo der Politik iwwerlooss, dësen Terrain ze gestalten - an déi war do leider net all ze gutt beroden.



Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.