Carte Blanche vum Paul RauchsPsychiatrie ... nach ëmmer vill ze vill Maueren

Ënnert deene sëlleche Gebuertsdeeg, déi mer a leschter Zäit gefeiert hunn, ass een an de Medien e bësse vergiess ginn, nämlech den 30. Gebuertsdag vun der asbl "Liewen dobaussen".

Et ass dëst eng Associatioun, déi geeschteskrank Patiente begleet, wa se aus dem Spidol entlooss ginn. Si bedreift ënner anerem therapeutesch Atelieren a betreit Wunnen, Strukturen also déi tëschent dem Spidol an dem Doheem fonctionnéieren. 2 Joer virum Berliner Mauerfall huet "Liewen dobaussen" gehollef, de Mauerfall vun der Ettelbrécker Maison de Santé ze begleeden. Si huet de Kranken, déi aus dem psychiatreschen Asyl koumen, en neien Asyl ginn, an huet domat dem Wuert Asyl säin ursprénglechen, nobele Sënn erëmginn.

Eng Carte Blanche vum Paul Rauchs



De psychiatresch Kranke gëtt net fir näischt vun de Fransousen en "Aliéné" genannt, also e Friemen, en Aneren, e Refugié, firwat net.

Well hien ass tatsächlech, wann och nëmmen a senge Krisen, e Refugié vun der Vernonft. An e Refugié, sief et e politeschen oder e medezineschen, steet leider Gottes nach ëmmer vill ze vill viru Maueren, Maueren, déi an hire Käpp sinn, Maueren, déi an onse Käpp sinn, Maueren, déi, trotz Schengen, nach ëmmer ofgrenzen an ausgrenzen.

D'Valeure vun enger Gesellschaft definéiere sech an deem Asyl, dee si deene Friemen an deene Schwaache gewäert. Den Trump probéiert, eng Mauer ze bauen, "Liewen dobaussen" huet et erreecht dës Maueren zu engem groussen Deel ofzerappen.

A "Liewen dobaussen" kritt Hëllef dobäi vun enger anerer, nach vill méi jonker asbl, déi sech "Psychart" nennt. Virun e puer Joer hu sech nämlech eng Partie Kranker a Betraffener mat Professionellen aus der Psychiatrie zesummegedoen, fir duerch d'Konscht eng sëllech Viruerteeler géint déi Patienten ofzebauen.

Si organiséiert e Mëttwoch hire scho 6. Symposium iwwer Konscht a Psychiatrie. Si erlaabt et, onbekannte kranke Kënschtler hir Wierker mat deene vun unerkannte anscheinend net kranke Kënschtler ze konfrontéieren. An der Konscht nämlech hunn d'Maueren tëscht normal a krank ni bestanen, mir denken nëmmen u Museker wéi de Robert Schumann oder un den Art brut.

Dir sidd alleguer invitéiert, e Mëttwoch an den Trifolion, wou et dës Kéier ëm Cinema a Psychiatrie geet.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.