Carte Blanche vum Michel MaquilAfrikanesch Konsequenze vun "America first"

Dem amerikanesche President seng "America First"-Politik huet Konsequenze wäit iwwer Amerika eraus, wéi d'Beispill vun Afrika beweist. Souguer d'Entwécklungspolitik vun den europäesche Länner kritt dorënner ze leiden an et gëtt ëmmer méi schwéier, een nohaltegen Entwécklungsprogramm an afrikanesche Länner duerchzezéien, mengt de Michel Maquil* a senger Carte Blanche.

Wéi den amerikanesche President Donald Trump no senger Vereedegung déi éischt Ried gehalen huet, huet hien de Slogan "America First" gebraucht. Domat wollt hie soen, datt hie vun elo un an all senge politeschen Aktiounen d'Interesse vun Amerika systematesch un éischter Plaz géif setzen.

Wann de President vun der gréisster Wirtschaftsmuecht op der Welt sech esou ausdréckt, ass dat ee ganz staarkt Signal, wat zu Recht fir vill Opreegung weltwäit suergt.

Et ass awer esou, datt dat eent oder anert Land, wat och d'Ambitioun huet, eng Weltmuecht ze ginn, schonn zënter enger gewësser Zäit esou eng Politik weltwäit verfollegt. Dat gesäit ee besonnesch an Afrika, wou esou Länner skrupellos mat egal wat fir engem politesche Regime verhandelen, fir esou gënschteg wéi méiglech u Rohstoffer oder landwirtschaftlech Produkter ze kommen. Si kucke ganz einfach nëmmen no hiren eegenen Interessen an interesséiere sech guer net drëms, ob si domatter dat Land an Afrika virubréngen oder dem Land a sengen Awunner schueden.

Fir Afrika ass dat eng reegelrecht Katastroph. Besonnesch bei de jonke Leit, vun deenen déi allermeescht eng schlecht Ausbildung hunn, wa se dann iwwerhaapt eng Ausbildung hunn. Si fannen hir Plaz net méi an esou enger Gesellschaft, wou et praktesch keng Wäerter méi ginn. Esou bleift hinne wuel kaum eng aner Méiglechkeet, wéi déi aus hirem Land fortzezéien. D'Signalwierkung vum President Donald Trump senger Politik kéint iwwregens nach aner grouss Länner derzou bréngen, him et nozeman.

Esou verwonnert et keen, datt et ëmmer méi schwiereg gëtt, eng nohalteg Entwécklungspolitik an Afrika ze bedreiwen. Esou eng Politik muss drop aus sinn, fir den Awunner vun deene betraffene Länner an Afrika mat Respekt ze begéinen an hinne Méiglechkeeten ze bidden, fir datt si aus eegener Kraaft aus hirer schwiereger Situatioun erauskommen.

Déi meescht europäesch Länner, an ënnert hinnen op enger prominenter Plaz, Lëtzebuerg, versichen nach, esou gutt wéi méiglech eng nohalteg Entwécklungspolitik ze verfollegen. Dat ass eng Politik, wou een elo hëlleft, mä eréischt a wäiter Zukunft op ee Retour kann hoffen.

Vill lëtzebuergesch ONGe setzen op d'Mikrofinanz an all hire Varianten an effektiv ass dat eng vun de beschte Methoden, fir den Awunner an de betraffene Länner lokal eng sënnvoll Zukunftsperspektiv ze ginn. Et ass eng Aktioun vu ville klengen a wéineg spektakuläre Schrëtt, déi awer laangfristeg ee ganz groussen Impakt mat sech bréngen.

An da geet et net duer, mat esou enger Approche op Afrika duerzegoen, well nach mussen déi afrikanesch Länner motivéiert ginn, fir esou eng Hëllef unzehuelen. An och dofir ass dem President Donald Trump seng Ausso net hëllefräich.

* Fräie Wirtschaftsberoder
   Fréieren Direkter vun der Lëtzebuerger Bourse

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.