Carte Blanche vum Emile HaagWou bleift hei d'Mënschlechkeet?

Hautdesdaags gi mer vun deenen ënnerschiddlechsten Evenementer an Otem gehalen an eis Gefiller beweegt a belaascht: Terror, Krich, Gewalt a Naturkatastrophen, Korruptioun, Manipulatioun, Hypokrisie a Politik a Gesellschaft, Récksiichtslosegkeet, Haass an Intoleranz am Alldag, Suerg ëm d'Zukunft vum Land, sengem Innovatiounspotential an der Liewensqualitéit vu senge Bierger. Ausser dësen, gëtt et awer nach e puer aner Themen an eiser haiteger Welt, déi ganz besonnesch skandaléis sinn an deene mer ze oft mat Indifferenz a Passivitéit begéinen oder iwwert se ewechkucken.

© Christof Weber

Carte Blanche vum Emile Haag



Aarmut an Honger a ville Géigenden, an Afrika, am Noen Osten, sinn esou uerg ginn, datt an nächster Zäit Honnertdausende jo vläicht Millioune Mënschen stierwe wäerten, besonnesch Kanner, wann net energesch an direkt intervenéiert a gehollef gëtt. Mir hunn d'Moyenen dat ze maachen. Mir, déi am Iwwerfloss liewen, an dobäi nach ni genuch kréien.

De Paräisser Klimaaccord sollt déi rasant Entwécklung vun der allgemenger Ëmweltverschmotzung ënnert d'Kontroll bréngen. Trotz Schmëlze vu Gletscher, katastrophale Bëschbränn a grad esou schlëmmen Dréchenten, Orkanen an Iwwerschwemmungen, bréngt grad dat Land, dat selwer doru Matschold ass an dorënner ze leiden huet, et fäerdeg, sech aus sengen Engagementer eraus ze zéien, géint all Warnunge vu 15.000 Wëssenschaftler weltwäit, dorënner vill vun hiren eegenen.

Wann dës irresponsabel Haltung net geschwë revidéiert gëtt, wäert bis Enn vum Joerhonnert de Mieresspigel ëm méi wéi zwee Meter klammen an domat vill Insele wéi d'Fidschi a Länner wéi de Bangladesch ënner Waasser setzen, mat fatale Folge fir d'Leit.

Méi direkt bei eis kommen honnertdausenden vu Refugiéen aus Krichs- a Kriselänner, déi ënnert Liewesgefor sech an hir Famille rette wëllen, un d'europäesch Diere klappen. Da baue mir Stacheldrotgrenze fir se dobaussen ze halen an hinne keng Chance ze ginn. Dobäi si gewëss osteuropäesch Länner − deenen hir eege Bierger am kale Krich selwer Refugié waren a frou ware vum Westen opgeholl ze ginn − besonnesch haart an häerzlos fir hire klengen Deel Asylanten opzehuelen. Hir europäesch Participatioun schéngt doranner ze bestoen fir säfteg Subsiden ze kasséieren, mä vun europäescher Solidaritéit a Matgefill fir Refugiéen: keng Spuer.

Wou bleift do déi elementar Mënschlechkeet, d'"Humanitas": den essentiellen Heritage aus eiser europäescher Vergaangenheet?

Wa mer haut ouni dës Kärprinzipie liewe wëllen, wéi déi al Réimer, mat "panem et circenses", da misste mer aus der Geschicht geléiert hunn, datt eis dat selwecht passéiert, wéi hinnen: den Out fir Europa!

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.