Carte Blanche vum Robert UrbéD’Aarmut klëmmt

Geet d’Aarmut an d’Luucht? Oder sinn dat just statistesch Aussoen ouni realen Hannergrond? Wat seet eis deen neiste Rapport vum Statec dozou? Et ass net de Moment, fir Entwarnung ze ginn, seet a senger Carte blanche de Robert Urbé vu Caritas Lëtzebuerg.

Carte Blanche vum Robert Urbé



De 17. Oktober war wéi all Joer den Internationalen Dag fir d'Beseitegung vun der Aarmut. A pénktlech wéi all Joer huet de Statec een Dag virdru säi Rapport Travail et Cohésion sociale publizéiert. Doranner steet, den Aarmutsrisiko wier tëscht 2015 an 2016 vu 15,3% op 16,5% geklomm.

Heescht dat da lo, et gëtt méi Aarmer?

Oder ass et esou, wéi eenzel Leit soen, datt den Aarmutsrisiko, well ëm deen handelt et sech jo hei, erop geet, well e puer Räicher op Lëtzebuerg bäikomm sinn?

Fir d’Éischt musse mer mol festhalen, datt et hei ëm en Indicateur geet, deen “Aarmutsrisiko” heescht, en Indicateur deen europawäit eenheetlech festgeluecht ass an zwar vun de Staats- a Regierungscheffen ofgeseent. Deen Indicateur beschreift éischter eng Ongläichheet, wéi d’Aarmut selwer. Wann awer de Risiko, aarm ze ginn, an d’Luucht geet, da gëtt et gutt Grënn unzehuelen, datt och d’Aarmut, fir déi mer keng besser Definitioun hunn, klëmmt.

Well den Aarmutsrisiko ausseet, wéi een héije Prozentsaz vun der Bevëlkerung mat engem Akommes muss auskommen, dat méi niddreg ass wéi 60% vum Medianakommes, deelt dat eis mat, wéi vill Leit an eisem System net méi matkommen an ofgehaange ginn.

Well et hei ëm d’Medianakommes geet, an net ëm d’Duerchschnëttsakommes, stëmmt et och net, dat méi Räicher déi Zuel an d’Luucht dreiwen. D’Medianakommes ass nämlech dee Betrag, wou 50% vun de Leit manner an déi aner 50% méi verdéngen.

An nach eppes ass un der Argumentatioun dernieft: tëscht 2015 an 2016 ass d’Medianakommes erof gaang, an zwar op 1.689  EURO, wat souguer bal sou déif ass, wéi de Wäert vun 2013! Heescht dat dann elo, datt mer manner Räicher am Land hunn? A wisou ass dann awer den Aarmutsrisiko an d’Luucht gaang?

Déi dote falsch Argumentatioun huet dat mam Medianakommes net verstan. Dat geet erop an erof, wann d’Akommes vun deene Leit an der Mëtt vun der Akommesscala erop oder erof geet.

Also mir hale fest: vun 2015 op 2016 ass d’Zuel vun de Leit, déi dem Aarmutsrisiko ënnerleien, erop gaang, an d’Akommes vun deene Leit ass erof gaang an ass bal sou niddereg wéi 2013.

Kee Grond also fir Entwarnung ze ginn!

Éischter am Contraire: net nëmmen ass d’Aarmut geklommen, mä och déi Leit an der Mëtt vun der Gesellschaft spieren elo d’Kris an hu manner an der Täsch.

Dann huet sech och näischt dru geännert, datt bestëmmte Kategorië vun der Bevëlkerung méi schlecht do stinn, wéi anerer. An dat sinn déi selwecht, wéi déi Jore virdrun: Kanner ënner 18 Joer mat 21,7%, Auslänner mat 22,6%, Leit mat enger niddereger Qualifikatioun mat 21,3%, Aarbechtsloser mat 44,8%, Famillje mat méi wéi 2 Kanner mat 31,2% a besonnesch Monoparentale mat 40,3%.

Inegalitéite bleiwen net nëmme bestoen, mä vergréissere sech säit 1996 bestänneg, an dofir kann d’Politik nach roueg no weidere Mesure sichen!

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.