Carte Blanche vum Patrick MichaelyIwwer d’Relevanz vun der Naturgeschicht

Ass tatsächlech nëmmen do Wëssenschaft dran, wou och Wëssenschaft, respektiv wuertwiertlech “Science” drop steet? Wéi aktuell ass eigentlech nach dee méi ale Begrëff vun der Naturgeschicht? Doriwwer eng Carte Blanche vum Patrick Michaely*.

Dem réimeschen Historiker a Schrëftsteller Gaius Plinius Secundus säi Wierk Historia naturalis gëllt als déi eelste vollstänneg iwwerliwwert systematesch Encyclopedie. Si ass ëm 77 no Christus entstanen a behandelt Themen, déi een haut virun allem den Naturwëssenschaften zouuerdne géif, wéi Zoologie, Botanik, Metallurgie a Mineralogie. Bis un d’Enn vum Mëttelalter huet dëst Wierk e staarken Afloss gehat an huet laang och als Referenzwierk um Gebitt virun allem vun der Medezin an der Geografie gegollt. Haut ass d’Historia naturalis eng wichteg Source fir d’Verstoe vum antike Wëssen. Eng am Klouschter vun Orval entstanen Handschrëft dovunner aus dem 10./11. Jorhonnert gëtt iwwregens an der Réserve précieuse vun der Nationalbibliothéik conservéiert a stellt e wichtegt Stéck vun onsem Patrimoine culturel duer.

Nach bis an d’18. Jorhonnert ass den Terme historia als eng Zort Erkenntnesgewënn verstane ginn, d’Historia naturalis am allgemenge Sënn also als eng Ënnersichung vun der Natur, an där et drëms geet, d’mineralesch an d’lieweg Welt, mä och mënschlech Gebräicher a Sproochen an hirer ganzer Diversitéit ze beschreiwen, z'inventariséieren an ze klassifizéieren. Dat huet also vill mat deem ze dinn, wat haut nach an naturhistoresche Muséeë gemaach gëtt. Eréischt vum 18. Jorhonnert un, krut den Terme du seng haiteg Bedeitung: als historesch gëlle kosmologesch, geologesch oder biologesch Phenomener, déi sech als d’Resultat vun enger Evolutioun an der Zäit verstoe loossen.

Haut stellt sech d'Fro, ob d'Naturgeschicht am 21. Jorhonnert iwwerhaapt nach hir Plaz huet, enger Zäit also, an där d'Wëssenschaft ëmmer méi just applizéiert Fuerschung am Kader vun enger industrieller Technoscience ass.

Ass den Term oder souguer d’Fach selwer vun der Naturgeschicht domadder veraltert? Ass tatsächlech nëmmen nach do Wëssenschaft dran, wou och Wëssenschaft wuertwiertlech drop steet?

Nee, am Contraire, eigentlech ass d'Naturgeschicht modern wéi nach ni! Well wat sinn hir Aufgaben haut? Den Inventaire vun der Biodiversitéit maachen an iwwer hiren onheelvolle Verloscht opklären, d’Welt an hir Evolutioun an der laanger Zäit op eng rational Manéier verstoe wëllen, de Mënsch als eng Aart ënner villen aneren z'akzeptéieren hëllefen, sech an edukativ Programmen abréngen an op Gesellschaftsfroen agoen, Brécke schloen tëscht fundamentaler an applizéierter Fuerschung. 

Als Disziplin vun der geneeër Observatioun léiert d’Naturgeschicht ons Fakten ze respektéieren. Si hëlleft d’Vertraue vum Public an d’Wëssenschaft ze stäerken, e Vertrauen, dat wichteg ass, wann et drëms geet a laangen Zäiten ze denken an ze handelen, grad bei esou kruziale Problemer wéi dem Klimawandel an dem Aarteschwund, déi och Konsequenze fir d'Mënschheet wäerten hunn.


D’Naturgeschicht verankert de Mënsch an d'Natur a léisst en net allmächteg driwwer schwiewen. Si ass méi wéi jee e wichtege Bestanddeel vun onser Kultur.

 

Carte Blanche vum Patrick Michaely

* De Patrick Michaely ass vu Formatioun Biochemiker an am Naturmusée responsabel fir Ëffentlechkeetsaarbecht a Kommunikatioun.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.