Carte Blanche vum Anne GoeresSpenden: Firwat a wouhin ?

D'Anne Goeres, Direktesch vun der Fondatioun Kriibskrank Kanner, mécht sech Gedanken iwwert d'Spenden : wouhinner spende mer a wat geschitt mat deene Suen?

D'Carte Blanche vum Anne Goeres


D'Zäit vergeet esou séier... elo si mer schonn November, de Kleeschen ass op ville Plazen ze gesinn an an 3 Wochen ass Chrëschtvakanz, mat all deem, wat dozou gehéiert!

Ech hunn dës Zäit ganz gären, well de Wanter freeën ech mech op de Schnéi, de waarme Schocki an d'Feier am Kamäin, wann et owes däischter a kal gëtt. Esou gesäit de Wanter aus wann et engem gutt geet. An dëser, méi besënnlecher Zäit, denkt een awer och gären un déi, deenen et net esou gutt geet. A sief et nëmmen duerch déi sëllech Bréiwer, déi een heemgeschéckt kritt, fir lénks oder riets mol e Su ze spenden.

Ech mengen, datt mer schonn all, op d’mannst eng Kéier, en Euro gespent hunn : entweder e bëssi Mënz an eng Spuerbéchs, déi an engem Buttek stoung, oder e Virement, dee bei engem Flyer dobäi louch, oder och en Don fir zum Beispill eng Doudesannonce, e Gebuertsdag, e Familljefest.

Hutt der Iech jeemools d‘Fro gestallt, wou déi Suen hikommen, wien déi duerno verwalt, wat domadder gemaach gëtt ? Vertrauen ass excellent, awer sech munchmol fir déi Organisatiounen z’interesséieren, wou ee Sue spent, ass och net schlecht.

Wat sinn hir Missiounen, wéi vill Leit profitéiere vun de Servicer, wat huet d'Societéit vun hirem Asaz ? Wéi präzis verwalte si hire Budget ?  All dës Froe soll ee sech emol stellen, wann ee spent. Villäicht freeë sech jo och d'Organisatiounen, wann d'Donateuren sech fir hir Aarbecht am Alldag interesséieren.

Déi lescht Studie iwwert Spenden zu Lëtzebuerg ass am Joer 2010 virgestallt ginn. Dat sinn elo scho méi ewéi 7 Joer hier. Et kéint ee bal mengen, dat sech zanterhier kee weider fir dës Informatiounen interesséiert huet. Schued an och e bëssen traureg.

Awer all seriö Organisatioun publizéiert e Finanzbericht mat engem Aktivitéitsbericht. Doranner kann de Spender scho ganz vill Informatioune gewuer ginn, an entscheeden, ob do seng Sue gutt investéiert sinn.

An deem Sënn soen ech jidderengem e grousse Merci, deen dëst Joer eng Spend gemaach huet oder nach mécht, an hoffen dat dir Iech e bëssen dofir interesséiert, wat mat Äre Sue geschitt.


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.