Carte Blanche vum Robert WeberSchaffen 4.0

Dozou eng Carte Blanche vum Robert Weber, dem fréieren Nationalpresident vum LCGB a fréieren Deputéierten.

Schaffen 4.0 steet der Industrie 4.0 géintiwwer. Den Här Rifkin huet zu Lëtzebuerg eng Debatt lancéiert, wéi mir sollen di véiert industriell Revolutioun - Industrie 4.0 - virbereeden.

Carte Blanche vum Robert Weber


Dat ass richteg a wichteg. Mir mussen eis Gedanke maachen iwwert dat wat muer op eis alleguer zoukënnt. Eis Autoe sollen ouni Chauffeur fueren, Haiser ginn aus 3-D-Druckere gebaut, Boergeld gëtt iwwerflësseg, de Roboter operéiert de Mënsch, Clouds a riseg Datesammlunge beaflossen de Mënsch ëmmer méi,  asw asw ... D’Revolutioun vum Digitale bestëmmt eist ganzt Liewen.

All dat werft vill Froen op, gëtt awer wéineg Äntwerten!

Sécher ass: D'Mënschheet erlieft net di éischt industriell Revolutioun.

Awer wa mer och vill iwwert d'Industrie 4.0 schwätzen, esou schéngt mer, méi wichteg et ass iwwert d'Schaffen an d'Aarbecht 4.0 nozedenken. Hei beschränkt sech Diskussioun net op méi flexibel Aarbechtszäiten. Dës Thematik ass vill méi komplex! Mir wëllen all eng gutt, sécher a gesond Aarbecht. Mir wëllen e gerechte Loun fir eis Aarbecht. Mir wëllen di schwéier erkämpften aarbechtsrechtlech a sozial Standarde mat an di Aarbechtswelt 4.0 huelen. Awer wéi geléngt eis dat, wuelwessend, dass et Kräfte gëtt, déi dat verhënnere wëllen.

Hei si sécherlech d'Gewerkschafte gefuerdert, awer och d'Salariéen all.

Deen, deen elo mengt hie kéint alles eleng reegelen, den huet sech fir d'Liewe geiert.

De Monitoring-Rapport "Digital Wirtschaft 2014" weist doropshin, dass d'Entwécklung scho wäit fortgeschratt ass, och wann Digitaliséierung an deenen eenzele Wirtschaftsbranchen nach verschidden ausfellt. Am stäerksten digitaliséiert sinn d'Telekommunikatioun an d'Verlagswiesen, d'Medien, de Radio an d'Tëlee. En héijen Digitaliséierungsgrad kennen och IT- an Informatiounsgesellschaften, grad wéi Finanzservicer, awer och d'Produktioune vun Dateveraarbechtungsapparater, elektresch an optesch Produkter an d'Autosindustrie. Am Mëttelfeld leien Handel, Elektrotechnik an de Maschinnebau. Aner Branche wäerten an deenen nächste Jore verstäerkt derbäi kommen, wéi Verkéier a Logistik awer och d'Waasser- an d'Energieversuergung.

Nei Aarbechtsplaze wäerten entstoen, anerer wäerten ewechfalen.

Wat gëtt aus der Humaniséierung vun der Aarbecht?

Wéi wéit gräift eist Aarbechtsrecht nach an der digitaliséierter Welt?

En Aarbechtsliewen dauert an der Zukunft och nach ëmmer mindestens 40 Joer!

Wéi gëtt eist Sozialrecht beaflosst?

Wat gëtt aus der Matbestëmmung?

Dat sinn nëmmen e puer Gedanken fir Aarbecht a Schaffen 4.0.

Eent weess ech als Gewerkschaftler awer sécher: Bei der zukünfteger Gestaltung vun der Aarbecht bleiwen di sozialpartnerschaftlech Léisunge vun zentraler Bedeitung.

De Kollektivvertrag an de Betriber ka villes fir e Betrib reegelen. Gesetzer a Reglementer mussen de leschte Wee sinn.

De Conseil Economique et Social huet sech schonns an de Joren 2001, 2002 an 2003 vill Gedanken iwwert d'Digitaliséierung vun eiser Gesellschaft gemaach an iwwert "Travail zéro".

D'Aarbecht wäert eis also net ausgoen!  

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.