Carte Blanche vum Marc SchiltzD‘Wëssenschaft als Bréckebauer

D’Wëssenschaft an d’Fuerschung sinn zënter jeehier schonn ëmmer international gewiescht. Wei se och agesat kënne ginn, fir Brécken tëscht Léit a Länner ze bauen, dat erkläert ons haut den Marc Schiltz vum Fonds National de la Recherche.

Virun zwou Wochen huet den Fonds National de la Recherche op der US-amerikanescher Ambassade um Lampertsbierg en Ofkommes ënnerschriwwen. Domadder kënne Lëtzebuerger Wëssenschaftler un deem prestigiéise Fulbright-Programm deelhuelen an esou fir Fuerschungszwecker Visitten an Openthalter op US-Universitéiten erméiglecht kréien.

Carte Blanche vum Marc Schiltz

1946, also just nom 2. Weltkrich, huet den amerikaneschen Senateur J. William Fulbright deen Austauschprogramm an d’Liewe geruff, mat der Begrënnung – ech zitéieren : „De Fulbright Programm zielt dorobber eraus, e wéineg méi Wëssen, e wéineg méi Vernonft an e wéineg méi Matgefill an d’Welt ze bréngen an doduerch d’Chancen z'erhéijen, dass d’Natiounen endlech léieren, a Fridden a Frëndschaft ze liewen.“

Zënterhier hunn iwwert 315.000 Studenten, Fuerscher an Enseignanten, dorënner och etlech Nobelpräis- an Pulitzerpräis-Laureaten sou wéi och vill Lëtzebuerger un dësem Programm deelgeholl.

Ech si mer sécher, dat all déi ënnert iech, déi no 1987 an Europa op enger Uni ënnerwee waren, vun engem ähnleche Programm héieren hunn, a villäicht och dovu profitéieren konnten – dem Erasmus-Programm. Ech mengen, datt meng Generatioun, wa mer u Saachen denken, déi prägend fir dat reaalt Erliewe vun Europa waren,  direkt un zwee Stéchwierder denken : Erasmus an den Interrail-Ticket.

Loosst mech derzou nach méi e radikaalt Beispill ginn: Am Mee vun dësem Joer gouf a Jordanien en internationale Fuerschungszentrum mat deem schéinen Numm SESAME ageweit. Nieft der groussaarteger Fuerschung, déi an deem Zentrum wäert organiséiert ginn, ass dat Erstaunlecht dorunner d’Lëscht vun den Länner, déi dee Projet stemmen. Nieft Jordanien sinn derbäi: Zypern, Tierkei, Iran, Israel, d’Palestinensesch Autoritéit an Ägypten. Dir hutt richteg héieren: Länner, déi deelweis keng diplomatesch Relatioune matenaner ënnerhalen, deenen hir offiziell Diplomatie dacks doranner besteet, fir sech géigesäiteg ze denigréieren, oder géintenaner opzehetzen – déi Länner hu sech hei fir eng Kéier zesummegedoen, fir gemeinsam a mat der finanzieller Ënnerstëtzung vun der Europäescher Unioun e Fuerschungszentrum opzebauen.

D’Wëssenschaft, mat senge Wäerter vun Transparenz an Universalitéit, kann deemno och do agesat ginn, wou d’Diplomatie eleng net weiderkënnt. An enger Welt, déi sech rasant verännert, wou déi global Erausfuerderungen tendenziell ëmmer méi ginn, huet déi International Wëssenschaftsgemeinschaft eng wichteg Roll ze spillen, fir Brécken ze bauen an esou dem Senateur Fulbright senger Visioun vu Fridden a Frëndschaft e Stéck méi no ze kommen. An och Lëtzebuerg, mat senger international breet opgestallter Fuerschung, kann hei an Zukunft eng wichteg Roll spillen!


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.