Carte Blanche vum Gilles Hempelhidden agenda

An senger Carte blanche haut de Moie freet de Gilles Hempel, Soziolog an Direkter vun der Agence Immobilière Sociale sech, firwat et zu Lëtzebuerg sou wéineg sozial Mietwunnenge ginn.

© RTL (Archiv)
Carte Blanche vum Gilles Hempel



Säit Joerzéngte gëtt zu Lëtzebuerg den « Accès à la propriété » massiv mat Steiergelder gefördert.

Och am sougenannte soziale Wunnengsbau ass haaptsächlech gebaut ginn, fir ze verkafen. D’Société Nationale des Habitations à Bon Marché (SNHBM) huet zanter hirem bal honnertjärege Bestoen iwwer 9.000 Wunnenge gebaut an huet déi quasi all verkaaft. Just eng 170 Unitéiten hu si als sozial Mietwunnengen an hirem Patrimoine behalen.

An och de Fonds du Logement huet quasi d’Halschent vun all senge Wunnenge verkaaft.

An d’Gemengen , wa si da mol eppes gebaut hunn, da war et sou gutt wéi ëmmer fir de Verkaf, mat der nobeler Ausnam vun der Stad Lëtzebuerg an der Stad Esch, déi sech ëmmerhin jeeweils ee Park vun en puer honnert soziale Mietwunnengen opgebaut hunn.

D’sozial Mietwunneng ass d’Stéifkand vun der Logementspolitik vun de leschte Joerzéngten. Si mécht knapp 2% vun eisem ganze Wunnengspark aus. An anere Länner sinn et der mol gutt a gären 20 bis 30%. Mee firwat ass dat esou? Ass et Zoufall? Oder stécht do villäicht eng sougenannten « hidden agenda » dohannert?

Et wier an der europäescher Geschicht net déi éischte Kéier.

Wéi d’Margrete Thatcher am Laf vun hirer éischter Legislaturperiod ganz schlecht Sondagen hat, an d’Tory’en riskéiert hunn déi nächst Wahlen ze verléieren, do hat si eng genial Iddi. Zu deem Moment huet an England d’Aarbechterklass majoritär a staatleche Mietwunnenge gelieft an huet traditionell Labour gewielt. D’Margrete Thatcher ass dunn higaangen an huet deene Labour-Wieler d’Méiglechkeet ginn, fir déi Sozialwunnengen ze kafen, an deene si gewunnt hunn. Déi hunn dunn all en decke Prêt gemaach, a si Proprietaire ginn. A vun haut op muer ware si quelqu'un. Si ware lo stolz Proprietairen a si haten op eemol eppes ze verléieren: hiert Eegentum. D’Magrete Thatcher huet déi nächst Wahlen héichhaus gewonnen.

Een anert Beispill ass Wien. „Das rote Wien“. Do ass all bal al zweet Wunneng eng sozial Mietwunneng. D’Stad Wien ass dee gréisste Vermieter an Europa a gëtt säit ee und jee sozialdemokratesch regéiert. An nach ëmmer war dat deene Konservativen een Dar am A. Dat ass souwäit gaangen, dass am Austrofaschismus ënner dem Engelbert Dollfuß souguer mat Kanounen an de soziale Wunnengsbau geschoss ginn ass.

Zeréck zu Lëtzebuerg kann ee sech also froen a wéi wäit den héijen Taux vu Proprietairen an déi politesch Dominanz vu liberalen a konservative Kräften zesummenhänkt?

Zoufall oder politesche Calcul?

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.