Carte blanche vum Paul Hammelmann« That’s capitalism, Baby »

Do hate mir Lëtzebuerger wuel un de Kleeschen gegleeft, wou mir direkt no der Publikatioun vun de « Paradise Papers » eis gefreet a gemengt hunn, des Kéier wier Lëtzebuerg emol net dobäi!

Dat war natierlech net de Fall, Lëtzebuerg stoung alt erëm an der Schosslinn, an dann muss een sech awer definitiv d’Fro stellen, wisou déi éischter gutt orchestréiert „nation branding“ Initiativ sech nach ëmmer vun der organiséierter Onmoral op d’Féiss trëppelen léisst?

Carte Blanche vum Paul Hammelmann

Wisou kritt e Bartrenger Supermarché et ronn säi Chantier integral mat intelligenten Affichen vum Mierscher Literaturhaus ze dekoréieren, während déi nei Aerogare um Findel, mat 2 Ausnamen, integral mat Publicitéiten vun Finanzinstituten zougehaangen ass, jo esouguer d’Haaptfassad vum Gebai domadder verschampeléiert ass?

Fluchhäfen wéi Zurich-Kloten (eng Finanzplaz) oder Wien-Schwechat hunn bei an ronderëm Fliissbänner mat de Valissen exklusiv Reklammen fir touristesch Attraktiounen oder awer Muséeën hänken.

Wéi z.B. am Moment fir eng Ausstellung iwwer den Victor Hugo am Leopoldmuseum. Deeselwechten Victor Hugo war dach och emol zu Lëtzebuerg!?

Ass den MUDAM keng Affiche wäert?

Am reaktionären Éisträich gouf esouguer eng hannergrondbeliichte Publicitéit fir d’Albertina gewisen; do war eng Ausstellung iwwer e Bordell opgaangen!

FPÖ war entgeeschtert.

An bei eis?: „Wealth management, also Räichtum, Oppulenz Management, op Schratt an Tratt, esouguer um Fliger!

Jo, alles dat ass absolut legal, mee „Paradise Papers“ schwätzen vun Anstand, vun Steiermoral, an natierlech ass Lëtzebuerg dobäi well verschidden Leit keng Schimmt hunn oder d‘Geleeënheet verpassen, einfach de Mond ze halen.

D‘Retourkutsch kënnt an der Journalist an Editeur Jakob Augstein huet et op de Punkt bruet:

Et gëtt 1542 Dollar Milliardären op der Welt; sie zesummen verfügen iwwert 6 Billiounen Dollar.

De President vun „Air Berlin“ huet fir 9 Méint Aarbecht, déi an enger frakassanter Faillite op en Enn gaangen ass, 4,5 Mio € kritt!

Alles ganz legal!

That’s capitalism, Baby!

D‘Politik ënnerhëlt näischt, well de System schwéier krank ass, seet hien. En ass onmoralesch an onanstänneg.

D’Vollek awer reagéiert, mat Wut an mat Haass, allerdéngs géintiwwer deene Falschen.

Den Haass gëllt de politeschen Flüchtlingen, net den Steierflüchtlingen.

Conclusioun: Eise Planéit ass e Paradäis fir A....

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.