Carte Blanche vum Ben Fayot"Keng Politik mat der Sprooch!" - Wee2050 widdersprécht energesch

"Den Här Fayot ass realitéitsfriem." Dat schreift d'Initiativ Nee2015-Wee2050 als Reaktioun op eng Carte Blanche vum Ben Fayot iwwer eis Sprooch.

Carte Blanche vum Ben Fayot



Viru Kuerzem gouf e Gesetzesprojet iwwer d'Lëtzebuerger Sprooch virgestallt. Et soll e staatlechen Apparat fir d'Lëtzebuerger Sprooch opgebaut ginn. D’Fro stellt sech, ob ons Sprooch iwwerhaapt esou en Apparat brauch. Esou d'Umoderatioun fir d'Carte blanche vum Ben Fayot, déi e Méindeg de Moien op Radio Lëtzebuerg diffuséiert an op RTL.lu online gesat gouf.

Op déi Carte blanche huet d'Initiativ Nee2015-Wee2050 um Dënschdeg den Owend vehement reagéiert.

Hei awer elo mol de Wuertlaut vun der Carte blanche:

Ech sinn dëst Joer uechtzeg Joer al gin.

Ech weess net, wéi ech esou e Saz richteg schreiwe soll.

Ech weess nët, ob ech al mat engem oder mat zwee a schreiwen, an uechtzeg mat tz oder z, an d’Endsilb vun dem Wuert mat eg oder ech.

Mais egal wéi ech et schreiwen: jidferee versteht mech.

Fir meng orthographesch Onwëssenheet hun ech iwregens eng Entschellegung: ech hun a mengem Liewen schon e pur Zorten letzeburgesch Rechtschreibungen geléiert, déi vun uewen erof diktéiert gouwen.

Trotz denen offiziellen Direktiven hun ech meng Mammesprooch 80 Jor laang praktizéiert, sou wéi ech dat fir gudd font hun.

Dat soll elo anescht gin.

Well d’Politik bekëmmert sech elo endlech sérieux ëm d’lëtzebuerger Sprooch.

Fir wat dat esou ass, verstin ech. Et gët Leit am Land, déi mengen, d’Lëtzebuergesch wär a Gefor, an dodurch géiw onst Land seng Identitéit verléieren. Dofir mecht d’Politik elo  Politik mat der Sprooch.

Déi HH Ministeren Meisch an Arendt hun am März 2017 en Aktiounsplang  an de 16. November dëst Jor e Gesetzprojet iwer d’Lëtzebuergescht virgestallt, eigentlech zweemol datselwecht mat verschiddenen Iwerschrëften.

Et get elo eng impressionnant « usine à gaz » opgebaut :

- mat engem Kommissär fir d’Lëtzebuerger Sprooch,

-mat engem Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch, deen d’Regierung iwer d’Orthographe an d’Grammaire beroden soll,

- mat engem  Comité interministériel fir dat alles ze verknëppen.

Et soll all Jor en nationalen Dag  vun der Lëtzeburger Sprooch organiséiert gin, an am Wahljor 2018, zwësche Fuesend an Ouschteren, solle Birgerversammlungen iwer d’Sproch stattfannen.   

An da soll en Aktiounsplang fir déi nächst zwanzeg Jor opgestallt gin. Jo: Dir hut gudd gehéiert, zwanzeg Jor.

Wann een dat alles héiert, freet een sech : ass d’lëtzebuerger Sproch wirklech a Gefor, an ass da bis elo neischt fir d’Lëtzeburgescht gemaacht gin?

Neen, d’letzeburger Sproch ass nët a Gefor. Sie ass méi lieweg wéi je, an de Mailen, Tweeten an Netzwierker, a Medien, Literatur, Film, Theater, Lidder, Politik. Nach nie gouf zu Lëtzebuerg esouvill iwert ons Sproch geschwat a gefuerscht.

Villes geschitt fir d’lëtzeburger Sprooch.  

Et gët den nationale Sproocheninstitut, an dem massiv Lëtzebuergesch enseignéiert gët, et gët den nationalen Zentrum fir Lëtzebuerger Literatur, de Lëtzeburger on line Dictionnaire, den Institut fir lëtzebuerger Sprooch a Literatur op der Uni Lëtzebuerg, den Institut grand-ducal an et gët schons 20 Jor e Conseil permanent pour la langue luxembourgeoise. 

Déi Hëllef fir d‘Sproch sollt eigentlech dur goen. Dat bescht nämlech, wat enger  lieweger Sproch, also och dem Lëtzeburgeschen, passéiere kann, ass, sech frei an ouni politesch Amëschung ze entfalen an durchzesetzen.

E staatleche Verwaltungsapparat mat politeschen Hannergedanken kann do nëmme schueden!

N.B. RTL.lu huet dës Carte blanche esou online gesat, wéi den Auteur se geschriwwen hat.



An hei d'Reaktioun vun der Initiativ Nee2015-Wee2050:

Pressecommuniqué 12.12.2017

Den Här Fayot ass realitéitsfriem.

A senger "Carte Blanche" op RTL Radio vum 11.12.2017 rifft de Ben Fayot quasi zum Verhënnere vu Moossname fir eis Sprooch op, déi vun der Regierung beschloss gi sinn, also och vu senger eegener Partei, der LSAP.

D'Liewensrealitéit gesäit awer sou aus, dass d’Lëtzebuergescht deene meeschte Leit um Häerz läit. D'Leit mierken, dass iwwert déi lescht Jore Lëtzebuergesch ëmmer méi aus dem Alldag verdrängt gëtt, wéi mir och kloer mat enger Grafik weise kënnen (hei ënnendrënner).

Mir zitéieren och de Sproochenexpert Alain Atten, deen den 23.3.2016 um RTL Radio gemengt huet, datt eis Sprooch ausstierwe wäert, well prozentual gesinn ëmmer manner Leit
Lëtzebuergesch als Mammesprooch hunn: "Et ass ganz einfach eng Mathematik, wann et ëm 70% Friemer geet an ëm 30% Lëtzebuerger (dat ass de Fall an der Gemeng Lëtzebuerg), da kann een net soen dass Lëtzebuergesch sech duerchsetzt. Dat wier nu ganz onwahrscheinlech.”

Den Här Fayot schéngt och net informéiert ze sinn iwwert den offizielle Status, deen eis Sprooch bei den onofhängegen Experte vun der UNESCO huet, nämlech "vulnerable". Dat
ass den éischte Schrëtt fir dass eng Sprooch laangfristeg ausstierft, sou wéi et am Areler Land geschitt ass oder, zum Beispill, aktuell mam Elsässeschen.

Déi Etüd vun der UNESCO ass genau déi sachlech Diskussioun ouni Afloss vu Politik, déi den Här Fayot dach fuerdert!

Mir fannen iwwregens och net, dass déi vun der Regierung beschlosse Moossnamen déi effektiivste sinn, mee et ass e Schrëtt an déi richteg Richtung.

Zum Schluss vu senger "Carte blanche" wënscht den Här Fayot sech dann awer, dass Lëtzebuergesch sech duerchsetzt.

Wou, wéini a wéi soll dat dann nach geschéien, ouni politesch Ënnerstëtzung?

d’Initiativ Wee2050
Mail: kontakt@wee2050.lu

PDF: Schreiwes vu Wee2050.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.