Carte Blanche vum Laura ZuccoliMéi Lëtzebuergesch duerch méi Sproochepraxis

Mëtt November gouf e Projet de Loi zur Promotioun vun der Lëtzebuergescher Sprooch an der Chamber deposéiert.

Eist Land kennzeechent sech duerch 3 offiziell Sproochen, an d’Lëtzebuergesch Sprooch soll do sécher seng Plaz hunn. Mee geet deen Text do net laanscht d’Realitéit wa mer wierklech de Sproochegebrauch vum Lëtzebuergesche wëlle fërderen?

Eng Réi Lëtzebuerger sinn onzefridden, datt si hir Sprooch am Alldag seele gebrauche kennen.

Vill Netlëtzebuerger léieren eis Sprooch dacks owes no der Aarbecht. Si gi vill vun hirer Fräizäit op a mierken ëmmer erëm, ewéi schwéier et ass eis Sprooch ze beherrschen. Ganz dacks ass et awer sou, datt an hirem Ëmfeld – op der Aarbecht, am Bekanntekrees - d’Lëtzebuergescht net di prioritär Ëmgangssprooch ass. Trotz hiren Efforte komme si net richteg weider. Ee bis zwee Mol an der Woch Lëtzebuergesch Couren ze huelen, bréngt net genuch Resultater, wann een dat wat ee geleiert huet net direkt uwenne kann. D’Schüler hunn dacks just am Cour d’Geleeënheet eis Sprooch ze praktizéieren, well eisen Alldag sech mat enger helle Wull Sprooche kennzeechent, wou Lëtzebuergescht just eng vun deenen ass.

13/12/2017 Carte Blanche: Laura Zuccoli

Wann een de Projet de Loi zur Promotioun vum Lëtzebuergesche liest, da stellt ee fest dat den Aspekt vun der Praxis vun der Sprooch net ernimmt ass. Villäicht ass d’Praxis am 20-Jähregen Aktiounsplang virgesinn, mee do huet een eng Occasioun verpasst fir dat Zil kloer dran ze schreiwen. Et iwwerléisst een de Biergerfore, di am Gesetz virgesi sinn, Prioritéiten ze setzen.

D’Sproochepraxis bleift deem Eenzelen iwwerlooss. Wann deen et fäerdeg bréngt an e Lëtzebuerger Milieu eranzekommen, dann huet en d’Chance eis Sprooch ze praktizéieren a se sech lues a lues unzëeegnen. Ass dat net de Fall, léiert een d’Sprooch z.B. fir Lëtzebuerger ze ginn a mat der Zäit verléiert een se, well ee wéineg Geleeënheet huet se ze praktizéieren.

Mir an der ASTI lee vill Wäert op Sproochepraxis duerch Aktivitéiten, wéi z.B. Gespréichsdëscher. Mee dat kascht Organisatioun, well do musse Aktivitéiten ugebuede ginn, wou Benevollen ewéi Interessente sech bei der Sproochepraxis begéinen a wou des Sproochenaktivitéiten virbereet musse ginn . Vun esou Moossname steet kee Wuert am Projet de Loi.

Vill Frontaliere mellen sech an der Agence du Benevolat, well si sech an enger Vereenegung wëllen engagéiere wou se d’Méiglechkeet hunn, Lëtzebuergesch ze praktizéieren. Wier dat net emol eng Iddi, dat di vill Lëtzebuerger Veräiner Reklamm fir hire Veräi géife maachen, andeems si d’Méiglechkeet vun der Lëtzebuergescher Sproochepraxis géifen ervirhiewen?

De Contrat d’Accueil et d’Integratioun, CAI genannt, gesäit Sproochemoossname vir - 60 bis 120 Stonne bëlleg Sproochecourse - wäit ewech vun de 600 Stonnen, di an Däitschland fir dat Däitscht am Integratiounsvertrag virgesi sinn! Dobäi hunn di Netlëtzebuerger et bei eis vill méi schwéier eng Sprooch ze leieren, well jo am Alldag vill aner Sproochen dauernd geschwat ginn.

Kee Wuert vum CAI am Projet de Loi zur Promotioun vum Lëtzebuergesche, dobäi besteet d’Halschent vun eisen Awunner geschwënn aus Netlëtzebuerger.

Et huet een d’Gefill dat hei eis Sprooch e bëssen ewéi e Museksstéck behandelt gëtt, wou een Evenementer, Strukturen muss organiséiere fir se wouer ze huelen?

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.