Lieserbréif vum Isabelle ScholzenReform vun der Assurance dépendance

Léif Politiker, Dësen leschte Joresdag deen esou Muncher vun äis a freedeger Erwaardung op dat Neit Joer mat féiere verbréngt ass fir vill eeler Läit a Läit mat engem physeschen, mentalen oder psycheschem Gebriechen mat Angscht a Verzweiwlung verbonnen.

Ab muer trëtt d'Reforme vun der Assurance Dépendance a Kraaft an domat verléieren déi iwwer 13.500 Leit déi un Hëllef ugewisen sinn a wichtegen Facteur vun hiren Hëllefen: déi Stonnen déi si zegutt haten fir hier Akeef an hier administrativ Schrëtter mat hëllef vun enger drëtter Persoun, engem Soignant, ze maachen.

Wéi ëmmer sinn et déi manner bemëttelt Bierger déi eng kleng Pensioun hunn déi drënner leiden. Déi aner, déi finanziell besser bemëttelt, kënnen weiderhin, fir ongeféier 475€ den Mount vun dëser Hëllef profitéieren. Mä wien kann sech dann scho mat enger klenger Pensioun dee Montant leeschten fir dass e Soignant mat hinnen eemol d'Woch hier Akeef maache geet, oder se bei hiren administrativen Schrëtter begleed?

Wat maachen elo all déi Läit fir déi dat Akafen a frëndlecher Begleedung den Liichtbléck an hirer Woch war? Wat maachen all déi Läit déi keng Famill hunn, déi keen an hirem direktem Ëmkrees hunn deen se kéint begleeden? Wat maachen ab muer all déi Läit déi un Hëllef ugewisen sinn fir dës Schrëtter an awer keen hunn, an et sech finanziell net kënne leeschten? Wat maachen elo all déi Familljen, déi deenen Läit déi un déi Hëllef ugewisen sinn weder finanziell nach zäitlech kennen hëllefen?
Online bestellen, krut ech gesot. An iwwer Guichet.lu. An wéi soll dat goen? Wien vun deenen Läit huet e Computer, geschweige géif eens domat ginn ouni, alt erëm, Hëllef ze kréien. Mir schwätzen jo awer hei ënnert anerem vu Läit déi en Gebriechen hunn, oder al sinn, oder al an e Gebriechen hunn.

Do derbäi kennt och nach dass elo och nach Läit hier Aarbechtsplaz kéinte verléieren. All déi Dammen an Hären déi agestallt ginn waren fir déi Demarchen mat den Läit ze maachen verléieren ab muer hier Daseinsberechtegung an deenen Servicer déi fir d'Pfleegeversécherung zoustänneg sinn.

Dofir léif Politiker, iwwerdenkt nach emol är Reform, schenkt all deene Läit déi ofhängeg sinn vun der Assurance dépendance e Liichtbléck am Joer 2018, huelt den Soignanten net hier Aarbechtsplaz ewech.

Am Numm vun den méi ewéi 13.500 Concernéierten an hiren Familljen soen ech Iech villmools Merci am Viraus an wënschen Iech an Ären Familljen e glécklecht Neit Joer!

31. Dezember 2017

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.