Carte Blanche vum Fernand FehlenDat onerbittlecht Gesetz vum Sproochendoud

Mat engem klengen Detour duerch Loutrengen mécht de Fernand Fehlen, Soziolinguist a pensionéierten Dozent vun der Uni Lëtzebuerg, däitlech, firwat een sech haut keng Suergen ëm d‘Lëtzebuerger Sprooch maache muss.

Eng Carte Blanche vum Fernand Fehlen



Alleguerten, déi d’Jéimeren iwwer d’Ausstierwe vun onser Sprooch net méi héiere kënnen a menge schonn all Argumenter ze kennen, géif ech bieden elo net auszeschalten. Menges Wëssens ass bis elo, dat wichtegst Argument vergiess ginn. Ech sinn bei mengen Recherche iwwer de Loutrenger Platt drop gestouss ginn, well dat eng Regionalsprooch ass, déi wierklech virum Ausstierwe steet.

Frankräich ass ee Staat, deen d‘Eesproochegkeet an seng Verfassung ageschriwwen huet. Fréier huet en déi vill Regionalsproochen am Hexagon esouguer bekämpft, haut toleréiert en se méi oder wéineger als regionale „Patrimoine culturel“.

Bis nom 2. Weltkrich ass déisäit vun der Grenz a Frankräich am Sierker Land, nach vill Platt geschwat ginn. Dunn huet de Staat — besonnesch duerch seng Schoul — Drock gemaach, datt d’Eltere et mat hire Kanner doheem net méi gebrauche sollten. Ganz vill hunn gefollegt, fir hire Kanner d’Zukunft net ze verbauen, a virun allem och, well se selwer net als Boche, also als daitschfrëndlech, dostoe wollten.

An där éischter Nokrichsgeneratioun, déi haut also 60, 70 Joer al ass, ginn et vill Loutrenger, déi net méi geléiert hunn Platt ze schwätzen, déi et iewel passiv verstinn, well se et nach doheem gehéiert hunn, wann hir Eltere mat hire Grousseltere geschwat hunn. Hiren eegene Kanner hunn se de Platt net weiderginn. A well dës en ëmmer manner gehéiert hunn, kënnen se en och net méi passiv verstoen.

Fir datt eng Sprooch ausstierft, brauch et nëmmen dräi Generatiounen. Dëst ass dat onerbittlecht Gesetz vum Sproochendoud, dat iewel definitiv net op ons Situatioun passt.

Lëtzebuergesch stierft nëmmen dann aus, wann seng Spriecher et net méi un hier Kanner weider ginn, wann se et net méi an hire Famill schwätzen. Dat ass iewel hei esouguer bei gemëschte Koppele seelenst de Fall. Am Géigendeel. Vill Migranten huelen d‘Lëtzbeuergesch am Laf vun der Zäit als hir Haaptsprooch an hir Familiesprooch un.

Lëtzebuergesch ass haut um Aarbechtsmaart esou gefrot, datt seng Vitalitéit an d’Grenzregiounen ausstraalt a vill Frontalieren, et als Friemsprooch léieren. Dëst ass villäicht och eng nei Chance fir de Loutrenger Platt.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.