Carte Blanche vum Robert GoebbelsGudden Appetit, awer ouni Hypocrisie

Dozou eng Carte Blanche vum Robert Goebbels, fréiere Wirtschaftsminister.

Vun alle Liewewiesen ass de Mënsch dat eenzegt, dat sech Gedanke mécht iwwert dat wat hien ësst.

Dat ass zwar an der Geschicht vum Mënsch eng relativ jonk Tendenz an och nëmmen an deene Länner, wou et keen Honger, mä Iwwerfloss gëtt.

An onse Géigenden gëtt et ëmmer méi Mënschen, déi sech vegetaresch, also haaptsächlech op Basis vu Geméis an Uebst ernären. Oder vegan sinn, also all Déiereproduit, souguer Mëllech an Hunneg ofleenen.

Jiddereen huet d’ Recht, op seng Fassong sat ze ginn.

Ech sinn, ech gestinn et, en "Allesfresser" an der Traditioun vun der mënschlecher Evolutioun. De Mënsch ass zum dominante Wiese ginn, well hie sech iwwerall upasse konnt a praktesch alles iessen kann.

Grad well ech gär Fleesch, Fësch, Uebst a Geméis iessen, an och soss kee Gesondheets-Apostel sinn, geet mer d’Hypocrisie vu ville Matmënschen iwwert d’Iessen op de Wecker.

Déi zwar weiderhi Fleesch iessen, awer verwonnert dinn, dass de Steak oder den Hamburger net am Supermarché wiisst, mä aus dem Schluechthaus kënnt.

An engem Schluechthaus, den Numm seet et, ginn d'Déiere geschluecht, also dout gemaach. Iert se vum Metzler mondgerecht preparéiert ginn.

Et ass jo schéin a richteg, dass vill Matmënsche sech fir Déiereschutz asetzen. Ons Zivilisatioun verlaangt, dass Mënschen ewéi Déieren net gepéngegt ginn, datt hiren Exit ouni Brutalitéit kënnt.

Mä ons Gesellschaft wëllt näischt méi vum Doud wëssen. Kaum nach e Mënsch stierft doheem, mä an der Anonymitéit vun Heemer oder Spideeler.

A wann Aktiviste Videoen dréien iwwert d’Schluechtunge vun Déieren, da geet grouss Opreegung duerch d’Internet-Welt.

Wéi: kleng Schwéngercher ginn elektrocutéiert??? Et fléisst esouguer Blutt??? Wéi schrecklech!!!

D'europäesch Reglementer schreiwe genee vir, dass all Déier schnellst méiglech an ouni Brutalitéit ze schluechten ass. Dat geschitt och am Land, a gëtt vu staatlechen Instanzen streng kontrolléiert. Mä eng Karkass vun engem Rand oder engem Schwäin enthält nu mol Blutt. A Blutt gëtt net nëmmen an der Bluttwurscht verschafft.

Dofir ass déi falsch Opreegung iwwer Schluechtungen just hypokritescht Gedeessems. Veganer a Vegetarier sinn do wéinstens konsequent.

Mä wann deen däitsche Fierschter, dee Bestseller iwwert d'Séileliewen vun de Beem an de Planze schreift, Recht huet mat der Empfindsamkeet vun all Planz, da gëtt et knapp fir d’Ernärung vun der Mënschheet!!!

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.