Carte Blanche vum Michel MaquilFinanzoperatioune fir jiddereen

De Finanzsecteur ass dru sech déifgräifend ze änneren a vill vun den Déngschtleeschtunge gi méi a méi informatiséiert, sou datt déi traditionell Operatioune méi deier ginn. Dat ass e Problem fir vill Leit. An dëser Carte blanche vum Michel Maquil* gëtt gerode Léisungen ze sichen, fir datt esouwuel bezuelbar wéi och nëtzlech Finanzoperatioune fir jidderee weider ugebuede ginn.

Virun e puer Méint huet zu London d'House of Lords e gréissere Rapport opgestallt iwwer all déi Leit, déi et ëmmer méi schwéier hu fir nach einfach Finanzoperatioune kënnen ze maachen. Si mussen entweder héich Käschten droen oder si kréie Finanzservicer, déi hire spezifesche Besoinen net entspriechen. Hei huet d'House of Lords ze bedenke ginn, datt esou Leit faktesch aus dem Finanzsystem ausgeschloss sinn. Dann ass et awer esou datt, ouni adequat Finanzservicer, déi Leit keng laangfristeg Finanzplanung kënne maachen.

Dat ass besonnesch traureg fir England, wou op der Londoner Finanzplaz regelméisseg nei Produkter a Servicer op de Maart kommen, déi bestëmmt si fir eng Clientèle, déi e grousst Verméigen hunn, wou dann awer fir déi aner sougenannte kleng Cliente kaum eppes gemaach gëtt. Deen Trend setzt sech sécher weider duerch, esou datt d’Distanz tëschent ”aarm” a “räich” weider wiisst.

D'Englesch Regierung, déi duerch dee Rapport erausgefuerdert ginn ass, huet dorop eng Rei Moossname virgestallt, fir dëser Evolutioun entgéintzewierken.

Déi eng Moossname sinn dofir ze suergen, datt all Client, op räich oder aarm, Accès huet zu enger Rei Finanzprodukter a Déngschtleeschtungen, déi esou wuel nëtzlech wéi och bezuelbar sinn. Dat ass eng breet Panoplie vu Servicer, déi esouguer “Payment Systemer” a Versécherunge mat abegräifen. Hei ass d'Zesummenaarbecht noutwenneg, vum Staat mat de Banken, den Iwwerwaachungsautoritéiten an de Konsumenteschutzorganisatiounen. Et gëllt net nëmmen déi Palett vu Servicer a Produkter opzestellen, mä et gëllt och se ze iwwerwaachen a se regelméisseg de Besoine vun de Clienten a vun den neien Technologien unzepassen.

Déi aner Moossname sinn déi, fir ze suergen, datt jiddereen déi néideg Kenntnisser ka kréien, fir dës Produkter a Servicer optimal kënnen ze benotzen. Dat soll sécher prioritär iwwert de Schoulsystem geschéien, mä doriwwer eraus muss och all Client d’Méiglechkeet kréie fir sech déi néideg Kenntnisser lafend un ze eegenen.

Och zu Lëtzebuerg musse mir eis, an dëser Hisiicht, eng Rei Gedanke maachen.

Mir gesinn och hei, datt ëmmer méi Leit net méi matkomme mat den informatiséierte Finanzservicer, an dobäi sinn dat nach laang net nëmmen eeler Leit, mä esouguer jonk Leit hunn et heiansdo guer net einfach.

D'Digitaliséierung am Finanzsecteur wäert elo vill Ännerunge mat sech bréngen. Hei kréie besonnesch Clienten, déi ee gewëssent Verméigen hunn nei Méiglechkeeten, fir präisgënschteg ganz interessant Operatiounen ze maachen, fir esou hiert Verméigen ze vergréisseren.

Et ass dofir och zu Lëtzebuerg onbedéngt noutwenneg fir ze suergen, datt de Finanzsystem esou evoluéiert, datt en am Déngscht vun der gesamter Bevëlkerung steet a bleift, an datt keng Kategorie vu Clienten den Androck kritt, si misst iwwerproportional Käschten droen, fir dann zweetklasseg Servicer a Produkter offréiert ze kréien.

* Fräie Wirtschaftsberoder
   Fréieren Direkter vun der Lëtzebuerger Bourse

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.