Lieserbréif vum Roby ZennerDe Kaméidi vun den Zich

Ënnert allen Aflëss, déi negativ op eis Mënschen awierken, ass de Kaméidi mat Sécherheet deen, deen eis am meeschte belaascht : de Mënsch braucht Rou fir ze schaffen, ze denken, sech z' erhuelen, ze liewen.

Elo huet den Zuch awer wuel mat di schlëmmsten Auswierkungen op eist Gemitt, besonnesch fir déi Leit, déi ganz oder zimlech no bei de Schinnen a besonnesch bei de Gare wunnen. Vu Muerges fréi bis an d' Nuecht eran héieren se d' Gerabbels op de Schinnen, d' Quiitsche vun de Bremsen, d' Klake vun den Dieren an neierdéngs di komplett iwwerflësseg Duerchsoen am Lautsprecher all puer Minutten, datt elo en Zuch vu lénks an en Zuch vu riets kënnt an datt dësen 12 Minutten an dee 16 Minutte Verspéidung huet.

An dobäi huet d' Bunn di nei a modern Zich jo eréischt virun enger Zäit kritt.

Fir d' Leit am Zuch geet et net manner haart erof mam Klake vun den Dieren a mat deem onnéidege Gepäifs vum Schaffner, datt ee bal daf gëtt.

Am Ausland wier esou eppes net denkbar. An Däitschland zum Beispill lafen di allermeeschten Zich wéi op Gummi, et héiert een se knapps fueren a vu Gequiitschs beim Bremsen absolut keng Spuer.
Hei am Land ass de Problem schonn an der Chamber op d' Tapéit komm, mee et ass absolut näischt dorop erfollegt.

Et wier awer elo endlech un der Zäit, datt den zoustännege Minister an d' Bunn selwer ganz sérieux kucken, wat ze maachen ass, fir deem Kaméidi opzehëllefen. Vläicht gëtt et deemnächst en éischte Schrack, wann d' Bunn – wéi mer elo kuerz gewuer gi sënn – 400 Milliounen Euro investéiert, fir nei Zich ze kafen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.