Carte Blanche vum Benoît ReiterWunnen zu Lëtzebuerg, wou läit de Problem ?

De Benoît Reiter, Jurist an enger nationaler Institutioun, kënnt haut zeréck op eng onendlech Geschicht, de Logement.

Carte Blanche vum Benoît Reiter



Gëtt et zu Lëtzebuerg een Thema iwwert dat scho méi laang diskutéiert gëtt, wéi iwwer de Logement?

Ech wëll fir d’éischt kloer stellen, dass dee Sujet wuel ee vun de wichtegsten iwwerhaapt ass. All Mënsch brauch fir sech, seng Famill, seng Kanner, en Daach iwwer dem Kapp. Natierlech wënscht ee jiddwerengem net nëmme just deen Daach, mee och nach korrekt Konditiounen, fir do drënner ze wunnen.

Zu Lëtzebuerg schéngt dat net ze klappen, obschonn de Wunnproblem och mol Chefsaach war a sech all successiv Regierungen a Majoritéiten beméit hunn. Et ginn och um lokale Plang vill Efforte gemaach, an awer ass de Problem haut esou aktuell, wéi virun 20 oder 30 Joer. U wat läit dat ? Hu mer de Problem vläicht falsch erkannt?

Fir d’éischt mol muss ee sech bewosst sinn, dass Lëtzebuerg ëmmer e klengt a virun allem batteraarmt Land war. Et gouf kee grousse Stock vun Immeublen, éier de Wuelstand op Lëtzebuerg komm ass mat der Siderurgie. D’Situatioun war net vill besser Ufank de 60er Joren vum 20. Joerhonnert, wou ëmmer méi europäesch Beamten op Lëtzebuerg komm sinn an d’Success Story vun der Finanzplaz ugefaang huet. An eisem Land war also d’Offer vun Logementer ëmmer kleng.

Do ass et absolut net verwonnerlech, dass bei engem rapiden Uwuessen vun der Demande d’Präisser zolidd klammen. Dat ass net nëmme logesch, mee et ass och positiv. D’Hausse vun den Präisser ass dee Moment just en Zeechen dofir, dass en Desquiliber entsteet tëscht enger Demande, déi eropgeet an der Offer, déi net nokënnt. Et ass awer och eng Motivatioun fir déi Leit, déi eppes kënnen op der Säit vun der Offer maachen, Proprietäre vun Terrainen oder Haiser, Promoteuren, Entrepreneuren. Klammend Präisser weisen hinnen, dass si méi Suen kënne verdéngen, wa si probéieren d’Demande ze befriddegen. Dass also d’Präisser erop ginn, ass u sech näischt Negatives.

Wat ass prinzipiell zu Lëtzebuerg geschitt, esouwuel op der Säit vun der Offer, ewéi op der Säit vun der Demande ?

Wat d’Offer ugeet, schéngt et mer kloer ze sinn, dass se limitéiert ginn ass, duerch Staat a Gemengen. Wee mol scho gebaut huet, weess wéi schwéier et ass: et gi Bauperimeteren, an deenen ee muss säi Gléck fannen, Bautereglementer vun de Gemengen an eng onendlech Zuel vu legalen a reglementaresche Restriktiounen a Bestëmmungen, déi bauen op ville Platzen onméiglech an egal wéi ëmmer schwéier maachen.

Op des kënschtlech limitéiert Offer prallt zu Lëtzebuerg net nëmmen eng Demande, déi natierlech héich ass, well eben d’Lëtzebuerger Ekonomie boomt a vill Leit heihi schaffen a wunne wëlle kommen. Nee, dës Demande gëtt och nach stimuléiert duerch Subventiounen, déi Leit, déi bauen oder lounen, vum Staat kënne kréien. Dës a priori luewenswäert Iddi ass a Wierklechkeet schlecht, well si leet nach eng Schëpp op eng Demande drop, déi souwisou schonn héich ass.

Wat ass also de Bilan vun der Lëtzebuerger Logementspolitik ? Eng Offer gëtt kënschtlech verklengert an eng Demande gëtt kënschtlech stimuléiert. Wann ee Basis Wëssen an der Ekonomie huet, weess een eng Äntwert op folgend Fro : wat geschitt, wann d’Offer eng op den Deckel kritt an d’Demande ugeheizt gëtt? Genau, d’Präisser klamme ganz séier, méi staark wéi si ouni dës Politik souwisou géife klammen. Et ass dat, wat an eisem Land säit Joerzéngte geschitt.

Zréck zum Problem vum Logement. Wat ass deen also genau ? Ass de Präis de Problem ? Nee. De Präis ass den Thermometer, deen eppes uweist. Wat ass dann de Problem? Wier deen net d’Politik vum Logement selwer, déi vu Staat a Gemengen säit laangem bedriwwe gëtt ?



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.