Carte Blanche vum Paul RauchsHomophob Witzer vun Ex-Familljeminister

A senger Carte Blanche warnt de Psychiater Paul Rauchs d'Politiker mat den homophoben Ängschte vun hire Wieler ze spillen.

Eng Carte Blanche vum Paul Rauchs



Datt den CSV-President en déckt Déier an der Politik ass, wousste mer jo. Datt en awer de Stammdëschhumor vun den Déckkäpp huet, wousste bis elo déi mannst. Mat sengem schlüpfregen Ausrutscher iwwer déi rosa Uniformen, déi den Etienne Schneider, geouteten homosexuelle Policeminister, senge Beamten anscheinend schneidere wéilt, huet de Marc Spautz tollpatescheg probéiert d'Fënsteren erëm zouzemaachen, déi d'Gambia-Koalitioun opgerappt huet. Speziell a gesellschaftspolitesche Froe wéi Trennung vu Kierch a Staat an dem Bestietnis vu gläichgeschlechtleche Partner, huet dës Chamber Gesetzer gestëmmt an Akzenter gesat, déi längst iwwerfälleg waren. Et ass verständlech an demokratesch gesond, dass net jiddereen domat d'Accord ass a seng Meenung dann och ëffentlech an argumentéiert vertrëtt.

Mat senger homophober Bemierkung huet de Marc Spautz awer wuertwiertlech ënner d'Gürtellinn geschloen. D'Laachen am Sall huet bewisen, dass ënnerschwelleg Ängschte virun enger Liberalisatioun vun eiser Gesellschaft net einfach duerch e Gesetz aus der Welt geschaf ginn. Et ass un eise Politiker fir dës Ängschte seriö ze huelen, net driwwer ze laachen an Opklärungsaarbecht ze leeschten. Den Humor ass wuel eng excellent Protektioun géint berechtegt Ängschten, mä e bëllege Witz ass Ueleg op d'Feier vun onberechtegten Ängschten, well, wéi sot de Brecht: "Der Schoss ist fruchtbar noch ..."

Zënter dem Freud senger "Psychopathologie des Alltagslebens" wësse mer, dass de Lapsus, an dat war et jo anscheinend, deen zouverlässegste Wee zur onbewosster Wourecht ass. Zur Wourecht vum President, mä zur Wourecht hoffentlech net vu senger Partei. Am Mëttelalter war d'Homosexualitéit eng Sënn, viru manner wéi engem hallwe Joerhonnert war si fir d'amerikanesch Psychiateren eng Krankheet, an haut ass se a ville Länner nach ëmmer e strofrechtlecht Vergehen. Fir den Här Spautz schéngt si eng lächerlech Anekdot ze sinn.

An enger Zäit wou am Ausland Ministeren an aner héich Verantwortlecher hiren Hutt huele missten, nodeems se sech e puer galant, respektiv sexistesch Bemierkungen erlaabt haten, ass et bedenklech, dass zu Lëtzebuerg ausgerechent en Ex-Familljeminister homophob Witze räisst.

Sécher, mir mussen oppassen, dass d'politesch Korrektheet net zu engem neien Ordre Moral oder zu enger iwwerspëtzter Zensur féiert. Mä de Pierre Desproges huet scho viru Joren dës Problematik op e Punkt bruecht: "On peut rire de tout, mais pas avec n'importe qui." Et ass elo un der Partei vum Här Spautz ze beweisen, dass hire Südkongress kee Stammdësch war.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.