Carte Blanche vum Patrick MichaelyE Superheldefilm am Musée - Onbequem Wourechten

Superheldefilmer ginn et mëttlerweil wéi Sand um Mier. Seelen huet awer an der leschter Zäit ee fir esouvill Gespréichsstoff gesuergt wéi iwwer de leschten an der Rei: de Black Panther. Esouguer d’Institutioun Musée gëtt a Fro gestallt. Doriwwer eng Carte Blanche vum Patrick Michaely*. Opgepasst: Spoiler Alert!

Carte Blanche vum Patrick Michaely



Wann an engem online Muséesjournal Muséesprofessionneller opgefuerdert ginn, sech mam nei Superheldefilm Black Panther ze beschäftegen, da kuckt een als Fan vu Superhelden an als Muséesmann net einfach ewech. Déi meescht Opmierksamkeet an dësem Film dierft nämlech bei Muséesleit eng kuerz Zeen kréien, déi an engem europäesche Musée spillt.

De Béise am Film, en Afroamerikaner, mä och Koseng vum afrikaneschen Held vum Film, steet an engem klinesch wäiss gehalenem Muséesraum virun enger Vitrinn mat Objeten aus west-afrikanesche Kulturen. De Kontrast kéint net méi frappant sinn: Objeten aus engem koloniséierten Afrika an engem Musée vun der europäescher Uewerschicht. De Muséesraum gëtt streng vu Leit an Uniform bewaacht, e Musée mat Wuelfillatmosphär ass et definitiv net.

De Killmonger, esou heescht de Béisen, kënnt an d’Gespréich mat der wäisser Muséesconservatrice, déi him e bëssen erofloossend d’Objeten erkläert, wou se hierkommen a wéi se “entdeckt” goufen. Firwat d’Conservatrice mat enger Taass Kaffi an de Sall erakënnt, wéi wann et sech ëm hir Privatstuff géif handelen, versteet een op den éischte Coup net esou richteg. D’Dramaturgie vun der Zeen verlaangt et héchstwahrscheinlech nom Motto: Ech als allwëssende Muséesmënsch ka mir hei eppes erlaben, wat s du als Besicher Lambda ni maachen däerfs. De Musée gëtt hei als en Instrument vum Kolonialismus an als e Raum presentéiert, an deem net mol déi richteg wëllkomm sinn, deenen hir Kultur hie weist.

Bei engem Objet, korrigéiert dann awer de Killmonger d’Conservatrice iwwer d’Hierkonft vun enger Aaxt. Hie weess méi iwwer den Objet wéi déi soi-disant Expertin a wëll d'Aaxt mathuelen. Op d’Remarque vun der Conservatrice, datt den Objet net ze verkafe wier, äntwert den Killmonger, ob si da géif mengen, ob hir Virfaren den Objet fair kaaft hätten. Bal onnéideg ze soen, datt um Enn vun der Szen d’Muséespersonal dout ass.

Natierlech handelt et sech hei primär ëm en Actionfilm. E weist awer och iwwerspëtzt, wat Afrika mat senge Buedemschätz hätt kéinte sinn, wann et kee Kolonialismus gi wier. Déi ugesprachen Zeen am Musée verréit dobäi vill iwwer d’Rolleverdeelung an d’Muechtstrukturen an esou enger Kulturinstitutioun.

Wësse mir alles iwwer d’Objeten, déi am Musée conservéiert ginn? Wéi si se an d’Sammlung komm? Wien decidéiert, wat dovunner an a wéi engem Kontext ausgestallt gëtt? Als Besicher huet een an engem Musée tatsächlech wéineg Afloss op dat, wat gewise gëtt. Et kann een dovunner ausgoen, datt dat ville Leit aus fréier koloniséierte Länner sauer opstéisst. Muséeë mussen haut prett sinn, fir sech aktiv an éierlech mat dësem Thema ze beschäftegen, amplaz den onbequeme Wourechten iwwer d'Provenance vun den Objeten aus dem Wee ze goen. D’Objete verroden nämlech ganz oft vill méi iwwer déi fréier europäesch Sammler an hir perséinlech Motivatiounen, respektiv Ideologien, déi si gedriwwen hunn, wéi iwwer soss eppes. An ze soen, et wiere just Kanner vun hirer Zäit gewiescht, geet haut net méi duer. An dat ass och richteg esou.

* De Patrick Michaely ass vu Formatioun Biochemiker an am Naturmusée responsabel fir Ëffentlechkeetsaarbecht a Kommunikatioun.


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.