Carte Blanche vum Astrid LullingAltersaarmut duerch Steieren! Muss dat sinn?

Et gëtt ëmmer méi – och hei zu Lëtzebuerg – iwwer Altersaarmut geklot. Eng Carte Blanche vun der fréierer EU-Deputéierter Astrid Lulling.

Carte Blanche vum Astrid Lulling



Obschonn eisen ëffentleche Pensiounssystem mat ee vun deene beschten an der Welt ass, gëtt et ëmmer méi Leit, och wa si oder hire Liewenspartner e ganzt Liewe geschafft a cotiséiert hunn, déi et am Alter schwéier hunn, um Enn vum Mount d’Enner zesummenzebréngen.

Dat ass besonnesch fir Wittfraen awer och fir Wittmänner de Fall. Eigentlech ass de Steiersystem doru Schold. Dräi Joer nodeem se hire Partner duerch den Doud verluer hunn, rutsche si vum Steiergrupp 2 an de Grupp 1a. Scho bei enger besteierbarer Pensioun vun 2500 Euro falen an deem Grupp bal duebel sou vill Steieren un wéi virdrun, an zwar amplaz 50 bal 92 Euro de Mount.

Mat 3500 Euro besteierbarer Pensioun ass een och nach net mat Zoossissen ugestréckt. Do klammen d’Steiere pro Mount ëm 277 op 443,50 Euro. Bal 300 Euro manner de Mount, dat si vill Suen, souguer wann een eng eege Wunneng huet.

Leit, déi 4000 bis 5000 Euro brutto Pensioun de Mount hunn, sinn och nach keng Krösussen.

Bei 5000 Euro besteierbarer Pensioun mussen de Mount am Grupp 1A 1069,14 Euro anstatt 450 Euro Steieren am Groupe 2 bezuelt ginn.

Wann d’Wittmänner an d’Wittfrae Kanner an Enkelkanner hunn, deet dat besonnesch wéi . Zemol wa se mat deenen anere Grousseltere konkurréiere mussen, déi méi mëtschgieweg kënne sinn, well se nach am Steiergrupp 2 sinn.

Ech als Jonggesellin war natierlech begeeschtert, wéi ech vum Steiergrupp 1 an de Grupp 1a koum.

Och wa Jonggesellen, vis-à-vis vu klengen Neveuen an Urgroussneveue mol eppes sprange loossen, sou kann ee se dach net mat Grousseltere vergläichen.

Dofir sinn ech der Meenung, datt mer den 1a net ofschafen, awer fir Wittfraen a Wittmänner déi Kanner an Enkelkanner hunn, en Abattement aféiere sollen,  fir dass se net duerch Steieren un d’Aarmutsgrenz erukommen.

Déi nächst Regierung soll do Neel mat Käpp maachen, besonnesch well et ëmmer méi aussiichtslos gëtt, dass Pensiounen erhéicht ginn.

Iwwregens dierften um Niveau vum Mindestloun iwwerhaapt keng Steiere méi ufalen, och net fir déi Aktiv.

Fir d’Leit ass et wichteg, dass se netto méi an hirer Pai oder Pensioun hunn. Ob dat duerch méi Belaaschtung vum Patron oder vum Pensiounssystem oder duerch manner Steiere geschitt, ass net egal.

Ech si fir manner Steieren, well de Mindestloun hei zu Lëtzebuerg zwar mat deen héchsten an Europa ass, awer net duergeet, fir hei am Land uerdentlech ze wunnen an ze liewen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.