Carte Blanche vum Marc HostertSi j’étais formateur du prochain Gouvernement ...

Den 13. Juni organiséiert Fondatioun IDEA en Owend mat 6 sougenannte Formateur-apprentis, déi an dësem Kader hire Projet vun enger méiglecher neier Regierung presentéiere kënnen. Déi 6 Formateuren a Formateurinne kommen all aus der Lëtzebuerger Zivilgesellschaft. De Marc Hostert* mat e puer Iwwerleeungen zu dëser origineller Initiative.

Carte Blanche vum Marc Hostert



Sechs Vertrieder aus der Zivilgesellschaft kënnen hire Projet presentéieren, dee se géifen ëmsetzen, wa se vum Grand-Duc géifen designéiert ginn, fir eng nei Regierung ze bilden.

Déi sechs Persoune sinn:  

de Rolf Tarrach, President vun der European University Association

den Tullio Forgiarini, Auteur et Professer

d’Laura Zuccoli, Presidentin vun der ASTI

de Gaston Vogel, Affekot

de Ben Stemper, Secrétaire général vum Jugendparlament

an d’Agnieszka Zajac, Managing Partner bei Odgers Berndtson

Dës Initiative erlaabt et dëse sechs Leit de Bierger an de Wieler aus eiser Mëtt hir Iddien, déi an enger nächster Regierung hinnen no missten ëmgesat ginn, engem gréissere Publikum virzestellen. Dëse Panel ass flott a senger Zesummesetzung, Jonker an Eelerer, Bei-gezunner, Auslänner, Persoune mat engem Immigratiouns-Hannergrond, Pensionären an Aktiver. Alles Leit, déi zu eisem gesellschaftleche Liewen hei zu Lëtzebuerg eppes bäidroen. 

Et wäert en interessanten Owend gi mat sécherlech enger Rëtsch vun interessanten Iddien an engem anere Stil, wéi vun eise professionelle Politiker gewinnt, a sécherlech wäert deen een oder anere vun de ”Formateuren” och säi rhetorescht Talent mat era bréngen. 

D’Iwwerleeunge vun Aussestehenden, also vu Persounen, déi net aus dem direkten "politesche Sérail" kommen, eppes iwwert eis ëffentlech Finanzen, eise Sozialmodell, eise Pensiounssystem, eis Ökonomië an aner Themen ze héieren ass sécherlech wichteg a gutt a se wäerte sécherlech déi eng oder aner Retombée an deene verschiddene Wal-Programmen hunn.   

An dach komme mir virun dësem Hannergrond mir eng Partie Froen op:

Firwat sinn net méi Persounen aus eisem gesellschaftleche Liewen, aus eiser Mëtt, mat hiren Iddien op deene verschiddene Lëschte bei den nächste Walen am Oktober?

Wéi ass Duerchlässegkeet vun eise Parteien op Société-civile ze gesinn, virum Hannergrond vun enger Gesellschaft déi am Ëmbroch ass?

Sinn eis Parteien och mat Fraequoten nach an engem bestëmmte Moos e Spigelbild vun eiser Gesellschaft?

Firwat zécke vill Leit aus eiser Gesellschaft, sech fir eng bestëmmten Zéit an der Politik ze engagéieren?

Hei hunn all d'Parteien an d‘Zivilgesellschaft eng gemeinsam Verantwortung fir dass eng Duerchlässegkeet tëschent der Gesellschaft an de Parteie systematesch opgebaut gëtt. Et brauch nämlech vu béidem, fir an der Politik weider ze kommen, professionell Politiker a vu Persounen aus der Zivilgesellschaft, déi hier Experienz abréngen.

Mir brauchen zu Lëtzebuerg keng Komiker a keng Populisten!

* De Marc Hostert ass Ekonomist a schafft op enger europäescher Institutioun.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.