Carte Blanche vum Anne GoeresDe Politiker

Anne Goeres, Direktesch vun der Fondatioun Kriibskrank Kanner, huet ënnert anerem politesch Kommunikatioun studéiert, an obwuel se neutral an a kenger Partei aktiv ass, dréckt se e puer Wieder iwwert de Politiker aus.

Carte Blanche vum Anne Goeres



Mir hunn an eiser Gesellschaft d’Gewunnecht ëmmer deem aneren d’Schold vun allem ze ginn. Ei, dat maache mer gären an dat kënne mer och ganz gutt.
  • Geet et zum Schluss vum Mount am Portmonni net duer, da läit et un der ze niddreger Pai an net genuch staatlech Hëllef.
  • Steet ee mam Auto am Stau, da sinn déi sëllech Bauaarbechte Schold an et goufen alt erëm déi falsch politesch Decisioune geholl.
  • Klappt eppes am Schoulsystem net, dat ass forcément de Minister näischt.
  • A beim geréngsten alimentaire Skandal bläre mer géint Europa, déi net op Zack waren oder sech ze vill dra gemëscht hunn a Schold sinn.

Lo mol d'Hand op d'Häerz, wei wär et dann, wa mer all kéier, wou mer eppes géint en aneren ze soueren hunn, mol géinge probéiere selwer no Léisungen ze sichen. A mengen Ae muss een haut als Bierger scho bal Zivilcourage hunn, fir sech an d'Politik z'engagéieren. Kaum mellt een, datt e sech an d'Politik engagéiert, schonn hagelt et u Kritik am Volleksmond: ze jonk, ze al, keng Erfarung, ze vill Erfarung, an esou weider... d'Lëscht ass laang.

Perséinlech fannen ech et immens, datt een a sengem Liewen iergendwann eng Kéier decidéiert, nieft senger Aarbecht Zäit fir d’Politik hierzeginn. Ob Fra oder Mann. Politik bedreiwen, heescht jo awer och sech z’informéieren, Meenungen hunn, bereet si sech fir e Projet, eng Saach anzesetzen un déi ee gleeft a prett ze sinn, fir richteg vill ze schaffen. E Politiker muss och däerfe seng Meenung kënnen änneren, och däerfe sech iren. De Politiker ass keen Iwwermënsch, mee eng Persoun, déi fir sech decidéiert huet, ze probéieren eppes fir säi Land, säi Kontinent ze maachen. Haut wëll ech all dëse Politiker Merci soe fir hiren Asaz am Alldag.

Grad elo, e puer Méint virun de Walen, trëfft een iwwerall op se: Elo kann een erëm lästeren, si kéime just Stëmme sichen, mee wéi se et och maachen, wär et net gutt. Deen, dee sech net esou vill weist, kritt dat och un de Kapp gehäit. Also, déi nächste Kéier, wou der e Politiker gesitt, zum Beispill muer de Moien um Stater Maart, denkt 2 Sekonnen driwwer no, wéi vill Zäit dee sech fir d’Land hëlt, fir d’Leit, fir eis.

Ech wënschen dem faire Politiker e faire Walkampf an dem Land eng gutt Regierung. A fir déi, déi gären e Schëllege sichen oder ëmmer knouteren: ma da setzt Iech dach selwer an a probéiert et besser ze maachen. Wann der iwwerzeegend sidd, kritt der och sécher déi néideg Stëmmen.

 

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.