Carte Blanche vum Astrid LullingSi Walkaddoen op Käschte vum Staat erlaabt?

Virun en etlech Deeg ass de Spautze Jang bei mer laanscht komm fir mer e perséinleche Bréif vum Inneminister Kersch ze weisen an deem hien him e gratis Dampmelder offréiert. Ech hat och sou e Bréif kritt, an dräi Sproochen, mat dräimol senger Ënnerschrëft.

Wou de Jang 1959 an ech 1964 fir d'éischt fir d'Chamber kandidéiert hunn, krute mer agetriichtert, mir däerften als Kandidat op kee Fall engem Wieler e Cadeau maachen, net mol en Humpe bezuelen.

Wéi ass et méiglech, datt haut e Kandidat als Minister op Käschte vum Staat alle Wieler am Land esou e Cadeau mécht?

Ofgesinn dovun, datt d'Dampmelder och nach ëmstridde sinn.

Geet en un, wann een eng Zigar oder eng Päif doheem fëmmt?

Geet e lass, wann ech meng Schminni am Wanter ufänken?

Wann ech bedenken, wat esou e Walkaddo kascht, eleng schonn de perséinleche Bréif mat deem en e puer honnertdausend Leit am Land offréiert gëtt, da kéint ech mir fir dat Steiergeld aner Prioritéite virstellen.

Mä et ass geschitt.

Esou wéi deeselwechte Minister a senger Responsabilitéit fir d'Fonction publique mat der CGFP e sougenannte Solidaritéit Ofkommes fir künfteg Generatiounen ofgeschloss huet, dat 52.7 Milliounen Euro, dat si 6.3 Milliarden aler Frang, kascht. Awer vun der nächster Regierung ëmgesat muss ginn.

Kierzlech hunn ech en Artikel vum President vun der Banker-Vereenegung ABBL gelies an deem e sech Suerge mécht, well d'Finanzplaz am Land keng jonk qualifizéiert Leit méi fënnt. Déi gi bei de Staat, well d'Ufanksgehälter do 20% bis 30% méi héich wären.

Bei ville Banke gëtt et Chèque Repas fir d'Personal. Domat musse se mëttes an eng Kantin oder an e Restaurant goen.

Fir d'Beamten am ëffentlechen Déngscht beim Staat, bei de Gemengen an esou weider gëtt et eng Iessens-Zoulag, déi elo vun 144 op 204 Euro de Mount gehéicht gëtt.

Dat kascht 18 Milliounen Euro. Dat si 720 Milliounen eiser aler Frang pro Joer méi wéi elo fir Leit déi eng fest Plaz an e wäit bessert Akommes pro Mount hunn, wéi fir vergläichbar Aarbecht am Privat Secteur bezuelt gëtt.

Am Privat Secteur ginn déi Leit, déi mam Mindestloun musse liewen, geckeg bis rosen, wa se héieren datt de Staat senge Mataarbechter pro Joer mat 2448 Euro ëm 200 Euro méi Iessenszoulag bezilt wéi si souguer mam qualifizéierte Mindestloun an engem Mount verdéngen.

D'Staatsbeamte kënnen domat op Metz Kleeder oder op Tréier Schong kafe goen, well et keng Chèque Repas si fir iessen ze goen an e Restaurant oder an eng Kantin zu Lëtzebuerg .

Wann anerer vun eisen 18 Ministeren a Staatssekretäre sech Cadeaue vun engem ähnleche Käschtepunkt afale loossen, da kritt de Conseil national des finances publiques deen elo scho festgestallt huet, datt eis Staatsfinanzen net nohalteg sinn, sécher eppes u sech.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.