Carte Blanche vum Anne-Marie HanffFleeg am Walkampf

Nodeems am Mee dëst Joer déi éischt Carte Blanche zum Thema Fleeg diffuséiert gouf, notzt d'Infirmière Anne-Marie Hanff d'Geleeënheet sou kuerz virum Walkampf, e klenge Bilan ze zéien.

Wärend eemol am Joer eng Wantervullenzielung gemaach gëtt a wëssenschaftlech Berichter dozou erstallt ginn, kann ech bei mengem Bilan iwwert d'Fleeg leider net op esou Berichter zeréckgräifen. Ech hunn mir dohier rezent parlamentaresch Ufroen an den OECD-Rapport (1) vun 2017 zur Hëllef geholl.

Eng Carte Blanche vun Anne-Marie Hanff



10,2 % vun den Awunner schaffen zu Lëtzebuerg am Gesondheets- oder Sozialberäich. An Norwegen sinn et duebel souvill Leit. Dëst kënne si sech och leeschten. Si investéieren nämlech 2,5% vum PIB (2) an d'Fleeg vun alen Leit am Verglach vun Lëtzebuerg mat schlappen 1,3 %. Domatte läit Lëtzebuerg souguer ënnert dem OECD-Duerchschnëtt vun 1,7 %.

10 % vun den Infirmièrë billt Lëtzebuerg selwer aus. Mir leien domatten op der zweetleschter Platz virun Mexiko! Eist Land huet also massiv Problemer oder wéi wëlle mir vun haut op muer 6.300 Persounen ausbilden? Déi géingen eis nämlech feelen, wa mir eis KollegInnen aus dem Ausland net hätten!

Wat gëtt dogéint gemaach?

Ech muss soen, dass ech iwwerrascht war, wéi schwammeg déi ganz Walprogrammer vun de grousse Parteien gréisstendeels verfaasst sinn. (3) Ech wënschen mir, dass d'Parteie sech an Zukunft präzis, miessbar, realistesch an zäitlech definéiert Ziler setzen. Wéi wëllen d'Wieler soss no der Regierungsperiod d'Aarbecht vun de Politiker bewäerten? Amplaz vun Aussoen ewéi: Wir "werden sicherstellen, dass die Ausgaben für Soziales auch weiterhin den wichtigsten Posten im Haushalt darstellen", wier mir eng konkret Ausso léiwer wéi zum Beispill: "Mir suergen dofir, dass de Lëtzebuerger Staat bis XXX (mindestens) 1,7% vum PIB fir de Laangzäitfleegeberäich ausgëtt."

Fir d'Walen 2018 hunn ech 2 Wënsch:

D'Politiker treffen Entscheedungen, déi Auswierkungen op den Alldag vun eis all hunn. Ech wënschen mir, dass si sech dëst nach eemol bewosst maachen. Eng wichteg Persoun aus der Gesondheetskommissioun huet mir kierzlech d'Fro gestallt, ob et dann hautdesdaags wierklech esou schlëmm wier, wann eng Infirmière kee Lëtzebuergesch géing schwätzen. Ma ech fäerten, si ass an der Gesondheetskommissioun net op der richteger Platz.

Well mir sinn dringend op kompetent Leit ugewisen, déi sech fir déi aktuell Situatioun verantwortlech fillen! Dowéinst wënschen ech mir, dass och d'Gesellschaft sech hirer Verantwortung bewosst gëtt. Politiker kënnen net eleng gewielt ginn, well se sympathesch schéngen, aus de Medie bekannt sinn, op villen Dëppefester waren oder a Clibb mat ville Memberen aktiv sinn/waren. Hir Kompetenze mussen dach zielen oder net?

Et bleift dowéinst ze hoffen, dass d'Gesellschaft sech bei den kommende Walen d'Kompetenze vun de Politiker genau ukuckt. Well kloer ass, dass Fleegepersonal, aus Lëtzebuerg, mëttlerweil vum Ausstierwen bedreet ass. Wiere mir Wantervullen, géinge sech engagéiert Leit iwwerleeën, wat e Vull am Wanter da brauch fir ze iwwerliewen. Bis elo beschränke sech déi politesch Moossname beim Fleegepersonal allerdéngs gréisstendeels dorobber, ëmmer erëm nozefroen, ob d'Zuelen da wierklech esou schlecht sinn. An dat muss sech onbedéngt änneren!

Meng Hoffnung gëllt den Infirmièren ënnert den aktuellen Kandidaten! Virausgesat, se kommen och zu Wuert!

1. OECD heescht Organisation for Economic Co-operation and Development. Den OECD-Rapport presentéiert ënner anerem déi aktuellst vergläichbar Wäerter an Trends zur Gesondheet vun de 35 Länner, déi Member an der OECD sinn.
2. PIB: produit intérieur brut
3. D'Analys vun de Walprogrammer fannt Dir an der aktueller Ausgab vum Beruffsverband vun den Infirmièren an Infirmieren (ANIL).

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.