Carte Blanche vum Marc HostertEng Natioun um Riserad

Zanter e Méindeg ass d'Walcampagnë offiziell un. E grousst Thema ass wat fir een Wuesstem an wat fir eng sozial Cohesioun mir hei am Land wëllen. Den Marc HOSTERT* mat e puer Iwwerleeungen zu dësem Thema.

Carte Blanche vum Marc Hostert

Jo Walcampagnë kennt lues awer sécher un d'Rullen. Face à Facen an de Medien an an deene verschiddenste Foren si geplangt. Spëtzepolitiker si gefuerdert, hir Konzepter kuerz a prägnant dem Public zougänglech ze maachen.

Mir hunn intressant Punkten op der Lee stoen déi d'Zukunft vun eis all uginn. Fir mech sinn déi wichtegst Theme wat fir ee Wuesstem mir hei am Land wëllen hunn a wei mer hei am Land eng sozial Kohesioun kennen oprechterhalen. Mir hunn bis elo nach ni an enger Walcampagne eise Wuesstemsmodell esou thematiséiert wei elo.

Dëst ass gutt esou an huet menger Meenung no zwou Ursaachen.

Éischtens, huet an de leschten 30 Joer Lëtzebuerg sech drastesch verännert, duerch eng acceleréiert Globaliséierung a Mondialisatioun ageleet, duerch d’ Enn vum kale Krich, duerch den technesche Fortschrëtt, duerch d'Digitaliséierung ageleet duerch Erfindung vum Internet 1989 um CERN an der Schwäiz, souwéi duerch d'Erweiderung vun Europa.

Zweetens, gesi vill Leit am Land, hier Liewensqualitéit, hier iwwerkuckbar Strukturen, hier Noerhuelungs-Gebidder, hier funktionéierend Infrastrukturen op hire Limitten ukomm; dëst besonnesch bei der Mobilitéit, beim Logement an der Schoul. Dobäi kennt dass mer ni eng kohärent opgestallte Wuesstems-Debatt geschweige dann eng mat engem Minimal-Konsens gefouert hunn. De Konsens war héchstens konkludent doduerch erreecht, dass mer alleguerte méi en grousst Stéck vum Kuch kruten an doduercher eng gewësse sozial Kohesioun haten an de leschte 40 Joer.

Lëtzebuerg ass eng kleng oppen héich-spezialiséiert Ekonomie a mir hunn generell als Land an als Eenzele gekuckt vun deene Verännerung direkt an indirekt profitéieren. Mir brauchen och an Zukunft Wuesstem.

Mir stellen awer elo fest, dass eis gemoossen, gutt an héich Produktivitéit net méi klemmt, dat heescht konkret, dass d'Stéck vum Kuch fir den Eenzelen net méi grouss gëtt. Konsequenze vum bal exklusiv quantitative Wuesstem si fir den Eenzelen awer am Stau an um Immobiliëmaart ze spieren.

Mir sinn net en Hamster am Rad mä eng Natioun um Risen-Rad.

Mir brauche selbstverständlech Wuesstem och an Zukunft, mä do wou et méiglech a legal ass sollte mer esou selektiv wei méiglech virgoe, fir Projeten un Land ze zéien oder ze developpéieren, déi verschiddene qualitative Kritäre Rechnung droen.

Donieft musse mer eise Pensiounssystem strecken a reforméiere, fir aus der Obligatioun, der Spiral, vu 4 % Wuesstem d’Joer erauszekommen. Dëst kann een am beschte maachen an engem wirtschaftlech positiven Ëmfeld, da kënnen sech  d’Adoptioune lues a laangfristeg am System op e puer Joerzéngten auswierken. Heibäi kéint ee sech och um Norwegen-System vum 2 Sourcë Finanzement am Souveränitéits Fong inspiréieren.

Gouverner c’est prevoir; et ne rien prévoir, c'est courir à sa perte sot den Emile de Girardin.

Ech hoffen an dëser Walcampagnë op eng konstruktiv an éierlech Debatt iwwert eisen zukünftege Wuesstemsmodell!

* De Marc Hostert ass Ekonomist a schafft op enger europäescher Institutioun.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.