Carte Blanche vum Anne GoeresDen Doud

D'Anne Goeres, Direktesch vun der Fondatioun Kriibskrank Kanner, beschäftegt sech bewosst mam Thema Doud.

D'Anne Goeres© Yves Kortum
Carte Blanche vum Anne Goeres



O méi, eng Carte Blanche iwwert den Doud - vill vun Iech wäerten elo denken, datt et absolut net passend ass, weder bei dësem wonnerschéine Wieder, nach am Kontext vun der Schoulrentrée. A wee well schon eppes iwwert den Doud héieren?

Abee, ebe grad dach. Ech erkläre mech.

Den Doud ass eppes Spezielles: Et trëfft eis alleguer, fréier oder spéider, ob mer wëllen oder net. An ausser an e puer Eenzelfäll, kënnt den Doud ni geplangt.

Bei verschiddene Leit ass den Doud direkt, schmerzlos ...

Bei anere Leit schläicht e kuerz oder laang ronderëm an ass mat vill Péng verbonnen.

An nach bei anere Leit kënnegt e sech un, wéi wann hien der betraffener Persoun nach wéilt déi néideg Zäit loossen, alles an d'Rei ze bréngen.

Gett et en idealen Doud? Ech denken, dat ass esou eng perséinlech an individuell Fro, datt een dorop keng Äntwert ka ginn, mä eppes steet fest : Den Tabu ëm den Doud ass menger Ansicht no hautdesdaags komplett doniewent an iwwerlieft. Net kënnen iwwert den Doud schwätzen, sech net kënne preparéieren op dat, wat duerno geschitt, ass einfach ze schued. Natierlech geet dat nëmmen, wann dat physesch a mental nach méiglech ass. Et stinn op eemol esou vill Froen am Raum, kleng onwichteger, grad esou wei definitiv grouss Decisiounen, déi musse geholl ginn.

Wei schéin ass dat, wann déi betraffe Persoun dat selwer ka bestëmmen. Sans gêne, ouni Tabu.

Dat mécht et der nostoender Famill an den enke Frënn esou vill méi einfach. Apropos Frënn a Famill: Déi si jo wierklech dat Kostbarst, wat et gëtt, mä déi kréien eng nächst Carte blanche dediéiert, well dës Carte blanche soll och eng grouss Dankbarkeet dem ganze Fleegesecteur ausdrécken - all déi Leit, déi am Alldag mam Doud konfrontéiert sinn, leeschten eng wahnsinneg Aarbecht. Trotz wéineg Zäit, trotz vill Granzerten, trotz vill Drock duerch den Aarbechtsvolumen an trotz den enorm villen Emotiounen hunn déi sech e Beruff erausgewielt, wou se Leit begleeden, déi mam Doud konfrontéiert ginn. Chapeau.

An och déi maachen hir Aarbecht haut erëm, op engem schéinen, sonnege Mëttwoch matzen am September, wou kleng a grouss Schüler rëm d'Schoulbänk drécken.

 

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.