Carte Blanche vum Laura ZuccoliLëtzebuerg iwwer alles !?

Politik stellt d’Weiche fir d‘Gesellschaft vu muer. Wa Wale sinn, ginn déi verschidde Visioune vun den Parteien fir eis Zukunft diskutéiert. Do geet et ënner anerem em d‘Zesummeliewen an eisem Land – Lëtzebuerger, Net-Lëtzebuerger a Frontalieren.

Lëtzebuerg iwwer alles !? - Vum Laura Zuccoli



Ech sinn iwwerrascht, datt elo Virschléi debattéiert ginn, déi een un däischter Zäiten aus eiser Geschicht erënneren.

Elo sollen op emol d’Awunner aus eisem Land Virrecht op eng Aarbechtsplaz kréien. Dobäi ass jo eng vun den Errongenschafte vun der Europäescher Unioun déi, dass mer als Bierger fräi an Europa liewen a schaffe kënnen. Heescht dat, datt mer elo nees Kontrollen op Eisen Grenzen sollen aféieren an briechen domadder en Grondprinzip vun der EU.

Da sollen d’Patronen nëmmen nach Leit astellen, déi Lëtzebuergesch schwätzen. Wat heescht dat da konkret, bei 2/3 Net-Lëtzebuerger um Aarbechtsmaart? Net manner wéi 300.000 Leit, déi mer beieneen a lëtzebuergesch Course misste schécken! A wou fannen mer déi Enseignanten dann all ?

A wat heescht dat fir déi sëlleche Firmen , déi an engem internationalen Ëmfeld schaffe, wou kee Mënsch eppes mat Lëtzebuergesch ufänke kann? Wat soll déi da nach hei halen, besonnesch wann vill Leit, di Lëtzebuergesch schwätze, vum Lëtzebuerger Staat agestallt ginn!

Si mir da bereet op eise gudde Gesondheetssystem , eis héich Paie beim Staat , eis sécher Pensiounen ze verzichte, wann mer esou Fuerderungen zoustëmmen? Ouni déi 2/3 Net-Lëtzebuerger um Aarbechtsmaart brécht eise ganze System zesummen! Lëtzebuerg kann ouni Migratioun net iwwerliewen !

D’Migranten a Frontaliere si Schold un de sëlleche Problemer, déi de wirtschaftleche Wuesstem mat sech bréngt, gëtt weider behaapt. E komplext Thema gëtt esou op einfach Theese reduzéiert , ewéi dat rietsextrem Mouvementer an Europa den Ament maachen!

Wa en Kandidat schäinhelleg fuerdert,  Lëtzebuerg sollt manner Migranten an d’Land era loossen, well déi riskéieren, hei ausgenotzt ze ginn, da brauche mer méi Respekt vum Aarbechtsgesetz a méi effikass Kontrollen an den Entreprisen, awer net manner Migratioun.

Eng verlueren harmonesch Welt gëtt eis virgegaukelt, e Bild aus alen Zäiten an enger Gesellschaft, wou owes virun der Dier op lëtzebuergesch geuucht an eist Brout nach mam Frang bezuelt gouf, wou eis Grenze fest zou an eis Ekonomie a Lëtzebuerger Hand war?

Well et si jo virun allem d’Auslänner an d’Frontalieren, déi stéieren an deene mer déi vill Stauen an de Manktem u Wunnengen ze verdanken hunn! Mä sinn Ëmwelt-, Mobilitéits- a Wunnengsproblemer net éischter enger verpasster Politik ze verdanken ?

Froen vun enger gerechter Ëmverdeelung vum Räichtum an eisem Land, wou de Gruef tëscht Räich an Aarm ëmmer méi grouss gëtt, sinn ënnert anerem grondsätzlech Themen. Eng identitär Politik, déi ee géint deen aner ausspillt a wou den Auslänner de schwaarze Péiter kritt, ass geféierlech a geet laanscht déi wichteg gesellschaftlech Froestellungen.

Et ass méi einfach, Stëmmung ze maache géint deen, deen anescht ass oder bäizitt an esou Mësstrauen an eiser Gesellschaft ze séien. Mir mécht dat Angscht, well mer jo bis elo eise Wuelstand konnten op déi kulturell Villfalt an Oppenheet vun eisem Land opbauen.

Wëlle mer eis wierklech an an eist Schleekenhaischen zeréckzéien ?

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.