Carte Blanche vum Fernand FehlenCirconscription unique

D’Opdeelung vun onsem klenge Ländchen a véier Walbezierker, déi elo 99 Joer al ass, ass an der mobiller Welt vun haut iwwerholl. Dat mengt de Fernand Fehlen, ee vun de Pionéier vun der Walforschung zu Lëtzebuerg.

De Pitti wunnt zu Fréiseng a schafft zu Mondorf; hien ass e gléckleche Pirat. De Jempi wunnt zu Mondorf a schafft zu Fréiseng; hien ass en ongléckleche Pirat. De Pitti wielt am Zentrum an huet gutt Hoffnung, datt seng Stëmm zielt an hëlleft seng Pirate-Partei an d’Chamber ze bréngen. De Jempi wielt am Ostbezierk, dem klengste Bezierk, a well e rechne kann, weess en, datt seng Partei do 12,5% vun de Stëmme brauch, fir ee vun de 7 Sëtz sécher ze kréien.

De Jempi ass zwar en Optimist, awer un esouvill Stëmme fir seng Partei gleeft en net. Well d‘Verdeelung vun de Sëtzer ni genee opgeet, bleift an der Reegel ee sougenannte Reschtsëtz iwwereg. Wéi eng Partei dee kritt, ass eng Aart Lotterie. Bei de leschte Walen hat d’ADR am Osten 8,6% vun de Stëmmen, mä dëst ass net duergaange fir de Reschtsëtz ze kréien.

Niewent dëser véierfacher Reschtsëtz-Lotterie bréngt d’Opdeelung a Bezierker nach aner Problemer mat sech: Déi aktuell Zuel vu Sëtzer pro Bezierk staamt aus dem Joer 1988. D’Awunnerentwécklung an deene véier Bezierker ass awer ënnerschiddlech, dofir misst een d’Zuel vun de Sëtz reegelméisseg aktualiséieren. 2013 hat d’ADR an enger Proposition de loi virgerechent, datt den Zentrum nëmme Recht op 17 an net op 21 Sëtz hätt.

Den Zouschnëtt vun de Bezierker entsprécht am Detail haut kenger wirtschaftlecher oder soziodemographescher Logik méi. Dat hunn och déi Kopleschter am leschte Fréijoer an engem Referendum gemengt. 63% wollten an den Zentrum wiesselen, wou se jo geografesch souwisou leien.

Wat geschitt, wann zwou Gemengen aus zwee verschiddene Bezierker fusionéiere wëllen? Wa Colmer-Bierg aus dem Zentrum sech der Nordstad uschléisse wéilt. Den zoustännege Minister huet keng konkret Äntwert op eng entspriechend Question parlementaire ginn.

De politeschen Debat gëtt haut vun nationale Medien an nationalen Themen bestëmmt. Wéineg Kandidatinnen a Kandidate mat nationaler Ausstralung dominéieren d’politesch Landschaft. D’Unhänger vum Panachéiere bedaueren dacks, datt se dëse kee Kräiz maachen däerfen, well se an der falscher Circonscriptioun wunnen.

Bei all Wal léist d’Chamber eng grouss Etüd duerchféieren, wou och no der Circonscription unique gefrot gëtt. 2009 war fir d’éischt eng knapp Majoritéit dofir. Bei de Walen 2013 waren et der scho bal 70%. Wéi vill et dës Kéier sinn, wësse mer nach net, och net wat fir Parteie bei der grousser Reschtsëtzlotterie gewanne wäerten.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.