Lieserbréif vum BranworldWalen, Politik, Liewen - Meng Gedanken

Ech machen mir nawell esou meng Gedanken, wann ech Wieder héieren wie "Wuesstëm", "Sozial Kohärenz", "Migratioun", "Wunnen, Deierecht an Pensiounen"...

Besonnesch elo während der Walcampagne iwwerschloen sech d'Medien mat Äuszich aus denen sëllegen Programmer vun den Parteien.

Bal all Partei kënnt mat den selwechten Ideeën - just e bessi anescht verpakt.

Allegueren wëllen se bei denen Aneren e bessi Terrain ofgruewen an d' Leit op " hir Säit " kréien.

Bis elo verstinn ech nach ëmmer nët, wat et schlussendlech wert as, wann den ominösen Wuesstëm - vun Dem Sie haaptsächlech schwätzen - der " normaler Populatioun " näischt brengt.

Bevirdeelegt sin per se mol d' Finanzplaz, Promoteuren sou wéi Groussbetriber.

Oft mat dem Argument " Wann et der Finanzplaz gut geht, geht et dem Land och gut ".. Wat awer zanter 2007 guer nët méi stëmmt - an vun do un och nach ëmmer ze beweisen bleift.

Wie wier et, wann Wuesstëm - ënner anerem - géif dat Hei bedeiten.. :

Steiergelder - oder en Deel vum Budget - dozou verwenden fir Terrain ze kafen am noëm Grenzgebit..

Mat Rheinland-Pfalz esou gut wie mat der Belsch ze kucken wivill Gemengen doiwwer géifen mat zéien, fir ebemol Lëtzebuergesch ze sin..

Virdeeler :

- Lëtzebuerg wiisst op eng  " natierlech Art a Weis ", die och dozou féiert, dass nët méi MUSS forcément an d' Héicht gebaut gin.

- Et gin dofir Méiglechkeeten fir Arbechtsplazen geschaf..

a) Am Ausbau vum öffentlechen Transport - haaptsächlech fir Zuchverbindungen zu den "eenzelnen neien Gemengen ", besonnesch dann op der (nach) däitscher Säit.

b) Erweiderung an Verbindung vun der Telekomunikatioun - oder iwwerhaapt mol Zougang ze kréien zu engem Internet den fonktionéiert, besonnesch dann op der (nach) däitscher Säit..

c) Am Gesondheetswiesen gin méi Optiounen domat méiglech. Installatioun vun neien Spideeler oder Kliniken - wat dann och nei Arbechtplazen bréngt fir Infirmier, Soins an Dokteren...

d) Kleng lokal Betriber kréien doduerch och Opdräeg a kënnen doduerch och Leit astellen resp. forméieren.

e) Den Commerce - haaptsächlech Epicerien, Metzler an kleng Geschäfter kënnen sech an denen Dierfer etabléieren, wou se fehlen a gebräucht gin.

Politiker schwätzen esouvill iwwert "sozial Kohärenz".

Den sozialen Zesummenhalt vun dem se zielen, as am Fong opgeléist gin an den '80er.

Do huet Finanzplaz an d' Secteuren, die mëttelbar domat ze dinn hun, hiren Beitrag geleescht duerch "Ielebou-Mentalitéit".

Do wou Quartieren an Dierfer nach intakt waren, Jiddwereen mat dem Aneren geschwat huet an ënnerenaner gehollef huet, sin die Traditiounen verschwonnen an dem Moment, wou Manager an Bankenleit sech do implantéiert hun ouni eppes mat der lokaler Bevölkerung wëllen ze dinn hun.

Och an den Schoulen gouf dat Konkurenzdenken ebemol zum Thema. Kanner, die virdrun nach mateneen gespillt haten, waren ebemol nët méi "Gläich".

Et gin nach Ecker hei am Land, wou dat Ganzt nach e bessi funktionéiert, awer se gin méi rar.

Esou wie d' Gesellschafft sech entwéckelt huet an den leschten 30 Joer, as den Wonsch vum Zesummenhalt een "Zeréckwënschen an die gut al Zäit", do wou alles nach méi einfach war..

Dozou gehéiert och MIGRATIOUN.

Italiener, die an den '50er zu Réimech d' Musel mat kanaliséiert hun, haten sech relativ schnell integréiert an hun no zwee Joer "stackréimecher" geschwat.. Hueschdäu, baschdäu, weeschdäu - hues du , bas du, wees du.. Déi vun der Musel wëssen wat ech elo mengen.

Dat gëllt och fir aner Natiounen, die hei an d' Ländchen eran geplënnert sin.

Vill Koppelen mat Kanner, die vun Do koumen, waren Dat, wat haut "Wirtschaftsflüchtling" genannt gëtt. Demols huet do keen Hunn dono gekréint. Die Leit goufen gebraucht an waren och wëllkom.

Haut as den Tenor een aneren.

Esouguer Leit, die virum Krich mussen fortlafen, sin nët wëllkom hei. Dat as traureg.

Et sin nët méi genuch Aaler do, die den Krich nach bewosst erlieft hun an zielen kéinten, wie dramatesch an grujeleg den Misere war, den fir 12 lang Joer do iwwert Land an iwwer Europa eran gebrach war.

Vill Politiker vun Haut wëssen et natierlech och nët méi. Vu Villen kënnt zwar nach ëmmer den Opruf fir en WW2 nie méi méiglech ze machen. Mee iergendwéi kënnt dat och nët esou wouer eriwwer. Besonnesch dann, wou vill "neigewielten" dat Nationalistescht fir sech nei entdecken an sech ofschotten.

Demokraten vun Haut, doen sech schwéier, fir mat "Denen" eenz ze gin. Se sin éischter erféiert an erschreckt iwwert den opkommenden "alen Sprochgebrauch", den sech nees etabléiert. Diplomatesch ewéi och juristesch hun se sech an den leschten 30 Joer den Wee selwer zougemach fir esou Saachen ze verhënneren. Dat gesäit een och un den sëllegen Resolutiounen, die quasi unanime mussen sin, fir géint Tendenzen a Polen, Ungarn an Tchechien vir ze goen...

Neierdengs gehéiert die italienesch Regierung och dozou.. Och do gëtt et nach spannend. Wéi laang bleift d' EU-Parlament do nach roueg ?

Roueg bleiwen an roueg nokucken kann de Bierger nët méi laang hei am Ländchen, wann en permanent méi déif muss an d' Täsch gräifen.

Wunnen - zum Beispill - gouf virun 20 joer mol vun engem Premier zur "Chefsaach" erklärt. Haut stinn mir nach ëmmer op der selwechter Plaz.

Den Bau vun Wunnengen alleng geht nët duer, wann Den dee baut gläichzäïteg och nach den Promoteur as an den Präis duerno bestëmmt.

Wat villen Leit och d' Genéck brecht, sin d' Gemengentaxen an den Stroum.

Do kommen ebemol Zommen an d' Spill, die sech och gewäsch hun.

Waasser esou wie Kanaltaxen bis zu 5,60 € den m³, Poubellen nët ze vergiessen, dreiwen den Präis - demno wie grouss den Stôot as - erop bis op 350 € .

Och den Stroum zitt do voll mat. Do bezilt een och 300 € an driwwer.. Mir bezuelen den " gréngen Stroum" - an der Ofrechnung steht dann "Terra" - fir onst Gewëssen ze berouegen. Awer nët fräiwëlleg.

Mat onser wiel vun Apparaten an Luuchten, die manner Energie verbrauchen hun mer schon een - mat Momenter deieren - Beitrag geleescht fir besser mat der Energie ëm ze goen. An awer kascht et villen Leit d' Aen aus dem Kapp.

Et gesäit een Haut vill Leit beim Office social, die trotz hirer Pei oder Gehalt, mat dem Fait nët eenz gin.

Den Fait, dass vill Pensionären nët méi vun engem ausgehandeltem Kollektiv-Vertrag profitéieren an domat just nach eng Verbesserung spieren wann den Index erhéicht gëtt, dreift och Sie un den Bord vun der Gesellschaft. Den sougenannten Ajustement vun den Renten um Enn vum Joer, mecht keen groussen Afloss op d' Klammen vun den Präisser.

Do sin dann esou Verspriechen wie "Steieren erof" oder "Erhéijen vum Mindestloun vun 100 €" nët vill wert, wann quasi zu gläicher Zait an den Geschäfter de Präiss erop gesat gëtt. Esou as et nähmlech geschitt bei der leschter Index-Tranche am Juli. Iwwer Nuecht gouf d'Tranche agesat an iwwer Nuecht hun grouss Chainen reagéiert an hir Präisser och erop gesat.

Gewonn fir den Bierger: Null.

Den Staat verdéngt duerch den Stroum - en as zu 100% Aktionär vun der Stroumgesellschaft - vill Geld. Do as et dann einfach ze soen: "Dir bezuelt vun elo un manner Steieren".

En Gros leeft Politik awer der Präissdeierecht hannendrun. A well se esou lues leeft, sin hir Reaktiounen och lues. An d' Bevölkerung spiert dat ëmmer méi.

Ons Politiker sin elo gefuerdert, fir do an ganz kuerzer Zäit Léisungen op den Dësch ze leeën fir dass esou Saachen besser - esouguer ganz rapide -  geregelt gin. Wann et nët anescht geht, mat engem Dekret. Mee laang Diskussiounen an enger Chamber kënnen se sech nët méi leeschten, wann se den Onmut vun der Bevölkerung - den sech bis elo just mat der Fauscht an der Täsch weist - nët wëllen op d'Strooss dreiwen.

Sou... Den Bréif hei war laang. Ech hoffen, dass en awer Gedanken usprëcht, den vill Leit deelen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.