Carte Blanche vum Jean HussKriibskrankheeten

A senger Carte blanche schwätzt de Jean Huss, President vun Akut, iwwer den Zesummenhang tëscht Kriibskrankheeten a Schadstoffpollutioun vun der Ëmwelt an eisem Iessen.

Carte Blanche vum Jean Huss



Léif Nolauschterinnen an Nolauschterer,

A menger Carte blanche geet et ëm den Dossier "Kriibskrankheeten".

Eng kuerz Fro an deem Kontext :

Wie vun iech kennt net aus Famill, Noperschaft oder Bekanntekrees Leit, deelweis och nach jonk Leit, déi vu Kriibs betraff an trotz Therapieefforte vill ze fréi aus dem Liewe gerappt goufen?

An de vergaangene 40 Joer goufen dobäi international riseg Milliarden-Dollar-Zommen an d’Kriibsrecherchen investéiert, de Gros allerdéngs just an d’Entwécklung a Vermaartung vun dacks deieren, fir d’Pharmaindustrie awer immens profitabelen, Antikriibsmedikamenter an Therapien.

De Gesamtbilan no iwwer 40 Joer bleift allerdéngs, vun e puer Ausname bei e puer Kriibszorten ofgesinn, relativ bescheiden, während ëmgekéiert eng Partie haaptsächlech hormonofhängeg oder neurologesch Tumeuren, Daarmkriibs an esouguer Leukemie oder Gehirtumore bei Kanner schläichend zouhuelen.

Léif Nolauschterinnen,

Et gëtt natierlech national wéi international vu Säite vu Gesondheetsministèren esou genannt „Plans canceren“ : virun allem präventiv Messagen, déi haaptsächlech un d’Eegeresponsabilitéit vum Bierger a Saache Kriibspräventioun appelléieren: net fëmmen, wéineg Alkohol, gesond iessen a méi Beweegung.

Dat ass sécher richteg, et vernoléissegt awer onverständlecherweis vill aner Risikofacteuren a méiglech Ausléiser vu Kriibs: zum Beispill Diesel oder Feinstëbs an der Otemloft dobaussen, Bioziden, Léisemëttel, Phtalaten, Flammschutzmëttel oder Stralung op der Aarbecht oder doheem, Pestiziden, Nitrater oder aner Schadstoffer virun allem a konventionellen an industriellen Iesswueren. Schadstoffer, déi bei praktesch jidderengem vun eis a Laboranalysë kënnen nogewise ginn. (Neierdéngs och Mikroplastik)

Léif Nolauschterer

Nach e puer Informatiounen a Konklusiounen:

1. Schonn 2010 haten déi bescht onofhängeg Wëssenschaftler a Kriibsfuerscher aus den USA an engem 450-Säite staarke Rapport un den amerikanesche President virun der systematescher Ënnerschätzung vu ville kriibsausléisende Chemikalien a Pestiziden, dorënner och de Glyphosat-Roundup vu Monsanto, gewarnt a präventiv Mesurë gefuerdert.

2. Héich interessant ass och eng rezent grouss epidemiologesch Etüd vun Enn Oktober 2018 am medezinesche Fachjournal „JAMA Internal Medecine“. Si huet 70.000 Leit iwwer 7 Joer suivéiert an eleng de méigleche Bénéfie vu biologesche Liewensmëttel analyséiert. Resultat: 25% manner Kriibs insgesamt, 34% manner Broschtkriibs, a souguer 76% manner Lymphdrüsekriibs.

Eng Fro: wéi wieren d’Resultater, wann endlech Ëmweltpräventioun géif stattfannen a méi Alldagsproduiten manner schadstoffbelaascht a méi biologesch kompatibel wieren?

Dofir als Konklusioun:

Wie wichteg Haaptursaache vu Kriibs scheinbar net kennt oder net wëll zur Kenntnis huelen, dee kann de Kampf géint de Kriibs ni wesentlech gewannen. Dat gëllt iwwregens och fir vill aner Krankheeten.

 

 



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.